Diskussioun:Geträips

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Geträips

https://lod.lu/artikel/GETRAIPS1

Geträips heescht op Däitsch Eingeweide an op Franséisch viscère. --Bdx (Diskussioun) 12:22, 6. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Mëtteg,

Ech hunn „Ënnerrei“ nach ni héieren… Am Däitschen ass et Innereien; wou kéim am Lëtzebuergeschen den zweeten <r> hier? An och vun inner… op ënner… gesinn ech eng gewëssen Diskrepanz. GilPe (Diskussioun) 13:34, 6. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Déi däitsch Innereien heeschen op Lëtzebuergesch Gepänz an hunn näischt oder nëmme rose wéineg mam Geträips oder Gedäerms ze dinn. Op Franséisch sinn et abats. An der lëtzebuergescher Gastronomie gëtt dat Gehäck genannt. Mä vill Jonker wësse mol met méi wat dat ass. An d'Träipen gehéieren an der Gastronomie zu der Charcuterie --Les Meloures (Diskussioun) 14:07, 6. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Ech ka mech net méi erënneren, wou ech "Ënnerrei" hir hunn - ech mengen et war aus iergend engem kuerze Video, mee deen éischten Draft vun deem Artikel hat ech scho virun e puer Méint geschriwwen. Deen zweeten "r" kënnt vu mir, dat kann natierlech och einfach falsch geschriwwe sinn. "Gepänz" kennen ech net an hunn et och néierens fonnt, woumat ech awer net well soen datt et falsch ass. An ech duecht, "Gehäck" wier méi e spezifesche Plat wéi de generellen Term fir dat wat op Franséisch "abats" sinn. Ech läschen einfach de Saz am Artikel, an da kënnen déi, déi méi wëssen, dat ausbauen. Oder net, mee da steet zumindest näischt do, wat falsch kéint sinn. --Bdx (Diskussioun) 14:29, 6. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Prezisioune bäigesat respektiv ausgebaut:
Déi däitsch Innereien heeschen op Lëtzebuergesch Gepänz an hunn näischt oder nëmme rose wéineg mam Geträips oder Gedäerms ze dinn. Op Franséisch sinn et abats. An der lëtzebuergescher Gastronomie gëtt dat wann z. B. Longen, Liewer an Éiercher dra veschafft sinn Gehäck genannt, Wann nëmme Long dran ass dann ass et Geléng a wann et de Mo ass dann ass et Kuddelfléck . Mä vill Jonker wësse mol met méi wat dat ass. An d'Träipen gehéieren an der Gastronomie zu der Charcuterie. Leider hunn ons Dictionnairen all a jidderee fir sech eng aner Vue, well kee sech mat der Semantik ofgëtt. Am Däitsche gëtt alles wat bannen am Kierper ass, als Eingeweide bezeechent, woubäi zu den Innereien nëmmen déi Deeler zielen déi giess kënne ginn.
PS. Gepänz an Ënnerei fënnt ee wann een net nëmmen am LOD kuckt, deen nach laang net alles huet wat et op Lëtzebuergesch gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 14:46, 6. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Merci fir déi zousätzlech Informatiounen. Wéi gesot, ech well am Artikel léiwer net selwer an d'Detailer goen, well ech mech net auskennen, an da léiwer näischt schreiwen wéi eppes Falsches. Gutt, datt dir dat gemierkt hutt. Ech iwwerloossen dat deenen, déi sech besser auskennen; mee et ass jo schonn emol e gudden Ufank, datt et hei op der Diskussiounssäit steet.--Bdx (Diskussioun) 15:06, 6. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Merci iech alleguer fir déi Infoen ;-) GilPe (Diskussioun) 16:26, 6. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]