Diskussioun:Gromperekichelchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Och nee, lo fälls de mer awer an de Réck, mol dovun ofgesin dat ech Gromperekichelcher immens gär hun. Mee nujee, awer du erwaarts der jo secher net dat ech lo nach em des Zäit nach eppes dozou schreiwe gell? (Dovun ofgesin? Wou hëlls de déi Fotoen hier (nach eng Kéier, hun ech jo net fir d'éischt gefrot)? Myriam 01:29, 24 September 2005 (UTC)

"du erwaarts der jo secher net dat ech lo nach em des Zäit nach eppes dozou schreiwe gell?" - Ma natierlech erwaarden ech dat. Déi Zäit, déi s de gebraucht hues fir dëse Kommentar ze schreiwen, häss de kënnen eppes iwwer d'Gromperekichlecher schreiwen. Sou einfach ass dat ;-)) D'Foto ass aus der däitscher Wiki, doi hunn ech gekuckt, wouhier d'Foto kënnt an da kopéieren ech d'Foto op den Harddisk, nodeems ech se "friséiert" hunn, dann de Lizenzkommentar derbäi, a fäerdeg ass de Lack. --Cornischong 01:44, 24 September 2005 (UTC)

Maja, da waart nat schätzungsweis 20 Stonnen (spéidsens) an da kriss de e Rezept fir déng Gromperekichelcher, da geess de soss néierens wou méi friem iessen (hoffen ech mol, falls mäi Mann cooperativ as). Myriam 01:51, 24 September 2005 (UTC)

Hei, an der Tëschenzäit ass och den Ulaf fir d'Zännseid fäerdeg. Dee kanns de jo "ausbauen". --Cornischong 01:56, 24 September 2005 (UTC)

Lo fänkt et un enk ze gin. Souwisou kréien ech déng Kréativitéit ni erem, do hun ech och keen Usporn (wéi heescht dat dann op lëtzebuergesch?), also iergendwéi wäerts de mech ëmmer mat neien Artikelen erschloe kënnen. Mol kucken wat nach kënnt (si gespaant) ... :-) Myriam 02:02, 24 September 2005 (UTC)

OK, méng 20 Stonne sin erëm. An ech hu mäi Mond zevill voll geholl. Also get et keng Superrecette, mee just mäin Tuyau. Myriam 20:48, 25 September 2005 (UTC)

Sou an wann dat Rezept net klappt dann mellt iech bei mier :-(( Myriam 20:58, 25 September 2005 (UTC)

Zinneke hoffentlech kanns du dat besser Myriam 22:36, 27 September 2005 (UTC)

scheiméche Botter
Wess ee waat daat ass. Les Meloures 01:46, 6 November 2006 (UTC)
OK ech hu verstaan daat warscheinlech Schaumbotter oder Botter dee scheimt. Les Meloures 01:49, 6 November 2006 (UTC)

Siieieirckk[Quelltext änneren]

A wa Sierck les Bains dann elo Sierk wier? --Cornischong 09:47, 9 Januar 2007 (UTC)

Rezepter eraus[Quelltext änneren]

Ech hu follgenden Deel eraus geholl:


...well Wikipedia kee Kachbuch ass, een d'Rezepter op honnerten anere Säite fanne kann an et souwisou honnerte vu verschidde Variante ginn. Et kann een sech dat do Rezept jo nach ëmmer hei op der Diskussiounssäit ukucken. --Bdx (Diskussioun) 16:24, 24. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, wann dat esou ass datt dat Rezept op honnerten anere Säiten ze fannen ass, da wier et flott wa wéinsten eng dovunner um Spaweck géif ernimm ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 21:45, 24. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Dat muss guer net sinn, duerfir gëtt et Google. Hei geet et nëmmen dorëm, z'erkläeren, wat Gromperekichelcher sinn. Du däerfs awer gäre selwer eent dobäi setze, wanns du mengs et wir néideg. --Bdx (Diskussioun) 09:38, 25. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Dofir gëtt et Google, lëschteg. A wat sees de dann z.B. Leit, déi duerch Google op d'Wiki koumen? Och a posteori bosseg: et gëtt eng däitsch Säit, déi op eis verlinkt, mam Hiwäis datt et bei eis d'Rezept gëtt. Eng Gesamtinfo aus enger Hand wier schonn net schlecht, also op d'mannst e Link géif ech dowéinst gär bei eis gesinn (edit: hunn ech elo selwer gemaach, brauch eng Zäitchen akzeptabler ze fannen). Absëns och well et einfach eng ze grouss Majoritéit ass déi mengt, franséisch Galette wiere Gromperekichelcher (cf. Chrëschtmoart). International gëtt et en etleche Varianten, mee eis eege sollte mer schonn dokumentéieren. D'Wiki ass zwar kee Kachbuch, do hues de Recht, an dowéinst hu mer et och esou gehalen, datt mer ni Quantitéite bei den Ingredienzen uginn hunn, an d'Oarbechtsschrëtt relativ vereinfacht opgeschriwwen hunn, sou datt ee just eng Iddi kréie kann, wéi esou eppes ongeféier preparéiert gëtt (ok, dat war an dësem Artikel net respektéiert ginn, stëmmt). --Otets 10:28, 25. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech wëll dozou soen datt misst eng generell Diskussioun doriwwer gefouert ginn, well (an ech kann dem Otets nëmme Recht ginn) net jiddwereen der Opfaassung ass datt guer keng Rezepeter sollen op der Wiki sinn. De beschte Bewäis ass dës Diskussiounssäit wou eng Mataarbechterin vum deemolegen Direkter souzesoe kujunéiert gouf fir et ze schreiwen. Ech hunn emol d'Rezept beim Judd mat Gaardebounen verstoppt. Da bleift net méi vill Artikel Rescht. An et gëtt där warscheinlech nach. --Les Meloures (Diskussioun) 11:07, 25. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech weess net op mer dofir eng generell Diskussioun brauchen, bis ewell hu mer wéi gesot rengrassesch Rezepter net ugeholl, awer Ingredienzelëschten a Preparatiounsdetailer als enzyklopedesch Informatiounen definitiv acceptéiert. Et brauch ee sech just beim Judd unzekucken, wat d'en-wiki do schreift, dat muss op alle Fall bei eis och erlaabt sinn. Well soss steet net nëmmen de Judd-Artikel plakeg do, mee déi meeschte Kascht-Artikel. An zum Wëssen iwwert e Kascht gehéiert nun emol och wéi esou e Kascht zustane kënnt. Ouni elo a "Man nehme..."-Rhetorik ze verfalen. Souguer déi streng de-wiki huet dat erlaabt: "Der gefundene Konsens ist, dass Rezepte mit Angaben über Mengen und Maße in Artikeln des Bereichs Essen und Trinken nicht gewünscht sind. Es kann dennoch sinnvoll sein, eine allgemeine Beschreibung der Zubereitung in einen Artikel aufzunehmen. Das sollte aber auf Gewichtsangaben und andere Details - soweit sie nicht typisch für ein Gericht sind - verzichten und sich auf die Gemeinsamkeiten aller Rezepte beschränken. Dass das funktioniert sieht man exemplarisch bei Mousse au Chocolat. Déi hunn et natierlech méi einfach, well si richteg Rezepter a Wikibooks verlagere kënnen, mee dat funktionéiert bei eis leider net, also musse mer eis hei un eis Méiglechkeeten adaptéieren. Et kann een also dofir an eisem Fall souguer méi wäit goen, a sech als Beispill d'nl-wiki huelen, wou als Standard souguer eng Schabloun fir Rezepter an all Kascht-Artikel steet. Ech giff dofir eisen aktuelle System bäibehalen (an de Judd-Artikel nees vergréisseren), an um Wikitreffe kënne mer dann diskutéieren a wéi engem Fall genee Quantitéitsinfoen erlaabt sinn a wéini net. --Otets 14:18, 25. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
"Dofir gëtt et Google, lëschteg. A wat sees de dann z.B. Leit, déi duerch Google op d'Wiki koumen?" Ech gesinn do kee Rapport: Wann iergendeen wëll Rezepter fannen, brauch en einfach nëmmen "Gromperekichelcher Rezept" oder "Gromperekichelcher recette" anzetippen, an e fënnt der Genuch.
Fir de Rescht huet jo kee gesot, d'Ingredienzen an d'Zoubereedung sollten net dra stoen, just eben net ënner Rezeptform, wéi an deem hei Fall ("Wat gëtt gebraucht?", "Wat gëtt gemaach?", iwwregens gëllt dat selwëscht fir Bouneschlupp, Feierstengszalot, Stäerzelen, etc).
Och gesinn ech nach ëmmer net an, firwat e Rezept oder e Link op e Rezept an enger Enzyklopedie muss dosinn. Bei aneren Artikel géife mir jo och net soen, wéi een säin eegene Vodka maache kann oder seng eege Krëppchen ka bauen.--Bdx (Diskussioun) 15:42, 25. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]


Et deet mer leed fir dee verluerene Spaut hei. Mer hunn honnerte vun Artikelen déi plakeg do stinn oder voller Feeler, net vun de verdréinte Sätz ze schwätzen, wou een heiansdo eng hallef Stonn brauch fir ze verstoe wat gemengt ass. Ech wëll kengem hei soe wat en ze maachen huet, mir haten emeol sou Direkteschzäiten an déi si gutt eriwwer, mä amplaz aus Artikelen eppes erauszehuelen wat u sech kengem wéi deet, wier et besser no deenen aneren ze kucken. Perséinlech kommen ech an der leschter Zäit bal guer net méi derzou fir selwer en Artikel ze zwaffen, well d'Geverbessers iwwerhand hëlt. --Les Meloures (Diskussioun) 16:01, 25. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech sinn d'accord, datt een dat net alles direkt muss eraus huelen, wa soss näicht aneres am Artikel dra steet. Mee an deem hei Fall ass d'Rezept duerch aner Informatiounen ersat ginn. Ech sinn net d'accord domat, datt een esou Saache soll stoë loossen, nëmme well et nach aner Saache ginn, déi méi "schlëmm" sinn. Mee vläit gëtt jo déi vum Otets viergestallte Schabloun fir Rezepter gemaach, dat wier jo keng schlecht Iddi. --Bdx (Diskussioun) 16:13, 25. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]