Diskussioun:Hémecht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ech froe mech op et sënnvoll ass, e kompletten Index vun enger Zäitschrëft heihinner ze setzen (och wann et esou eng wichteg Publikatioun ass ewéí d'Hémecht).
Den Index gehéiert mMn op d'Websäit vun der betreffender Zäitschréft - och wann et déi Websäit, esou wäit ewéi ech gesinn, (nach) net gëtt. --Cayambe (Diskussioun) 22:15, 26. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, et ass, streng gesinn, grenzwertg... Mee wann et dee soss néierens online gëtt: Firwat net hei? Allerdings giff ech proposéieren, den Index dann an Ënnersäiten ze setzen (nom Schema Hémecht/Index 1896-1905) an da jeeweils, je no Volume, all weider 10 Joer. Da bléif den Artikel net iwwerfracht; do bräicht ee just e Link op d'Ënnersäten ze setzen. --Zinneke (Diskussioun) 23:11, 26. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Moien, mengentweegen kann een deen Index esou mat Ënnersäiten uleeën. Et sollt een awer eng eenheetlech Chronologie benotzen, an net vu "croissant" (1895-1906) op "décroissant" (2011-2000) wiesselen, wéi dat zu dësem Zäitpunkt de Fall ass.--Fliedermaus (Diskussioun) 08:07, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
D'accord fir den Index op Ënnersäiten ze verdeelen, wéi den Zinneke dat virschléit. Ech géif och méi en "elegant" Format vun der Tabell proposéieren. Dat aktuellt schéngt mer ze vill "opdrénglech". --Pecalux (Diskussioun) 09:12, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech hunn emol fir den Index (1895-1906) eng berengegt Tabell eragesat, ganz ouni Formatage an sortéierbar. Si hëlt vill manner Plaz an. Et kann een se einfach mat follgendem Converter aus engem csv-Fichier generéieren: http://area23.brightbyte.de/csv2wp.php. Den csv-Format kann een aus dem Excel einfach exportéieren. --Christian Ries (Diskussioun) 09:39, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Hei e méi einfachen Tool, deen d'Sonnerzeechen besser behandelt: http://excel2wiki.net/wikipedia.php. Einfach copy/paste aus LibreOffice Calc oder Excel an dono brauch ee just eventuell Escape-Zeechen "\" generell läschen. --Christian Ries (Diskussioun) 10:07, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech hunn den Index pro Joerzéngt ageriicht: 1895-1900, 1901-1910, 1911-1920 asw. an déi existéiernd Säiten nei opgedeelt. --Christian Ries (Diskussioun) 10:53, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Flott dat do, eng Beräicherung fir d′Wiki, esou mécht et Spaass. Merci Christian fir de Codage vun der Tabell. --Cayambe (Diskussioun) 14:22, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
E Merci och vu menger Säit! --Zinneke (Diskussioun) 22:44, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Merci fir d'Lorbieren, mä de Merite huet de Benotzer Ggilles, deen déi wäertvoll Informatiounen virbereet an online gesat huet. Ech hoffen, datt hie weider mécht. --Christian Ries (Diskussioun) 06:26, 28. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech hunn elo gesinn, datt en Deel vum Inhaltsverzeechnis vun der Serie um Sitt vu forum steet. Wéi wier et dann wa mer géngen dem forum dee ganzen Index (wann e bis komplett ass) als csv-Fichier ginn, sou datt si en evtl. als duerchsichbar Datebank op hire Sitt géinge setzen? Da kéinte mir den Index nees eraushuelen (immens grouss Säiten) a kéinten dohinner verweisen. Ech kéint mam Jürgen Stoldt schwätzen wa mer souwäit wieren? --Christian Ries (Diskussioun) 06:45, 28. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]