Diskussioun:Haalsbaach (Bäerdref)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Firwat ginn hei Stroossennimm geännert?

E Stroossennumm gëtt per Gemengeregelement festgehalen, dann ass et, sou fannen ech, net un der Wikipedia, dat interpretéieren oder 'verbesseren' ze goen.

Um Geoportail sinn d'Nimm ze fannen, wéi s'offiziell heeschen. Hei iwregens eng Foto wou d'Schëld ze gesinn ass vun der Hammhafferstrooss. D'Biirkelterstrooss béit vun do of: File:Wayside cross and chapel Berdorf Hammhafferstrooss 2016-07.jpg.

Bescht Gréiss,

--Zinneke (Diskussioun) 16:17, 18. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]


Moien och,

Et deet mer leed wann ech elo e bësselche bësseg ginn. Mä wéi alt schonn e puermol gesäit een hei nees datt wann een eppes un engem sengem Dada ännert datt dann iwwer eppes gemeckert gëtt, wat deem Mataarbechter virdru puupegal war. Bei iwwer dausend Ännerungen an Zäit vun 2 Joer déi am Sënn vun der neier Schreifweis bei Stroossennimm gemaach goufen huet keen eppes gesot. Dat wier awer intressant gewiescht well ech huelen un, datt dat Argument vum Gemengereglement iwwerall kéint zoutreffen. Fir lo nach bei den LOD argumentéieren ze goen an ze froen ob se och d'Buergermeeschtere gefrot hunn fir déi Nimm z'änneren, ass et wuel ze spéit. Et stinn iwwregens ganz vill Nimm um Geoportal déi nach den ale Schreifweisen entspriechen. Firwat wuel? Ma warscheinlech well déi besseres ze dinn hunn wéi lo all déi Nimm z'änneren. Am grousse Ganze goufen déi nei Reegele jo vun der Wikipedia akzeptéiert. Ech kann och dermat liewen datt mer dat bei Stroossen net maachen, da ginn ech all déi Verbesserungen zrécksetzen. Awer mer sollten entweder dat eent oder dat anert hunn a keen Duercherneen. Ech soen dat hei am Numm vun all de Wikipedianer déi bei de Verbesserunge vun de geographeschen Nimm gehollef hunn an hëllefen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:17, 18. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]

Moien. Mir krute kloer erkläert datt geografesch Nimm déi mat "er" ophalen ausernnee geschriwwe ginn.Dat fënns du am Reegelwierk. --Soued031 (Diskussioun) 19:29, 18. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]


PS: Den Artikel hei heescht Haalsbaach. Um Geoportal steet Halsbaach. Mir hunn en Artikel Bierkelt cf. LOD um Geoportal steet Birkelt. Um Geoportal steet Biirkelterstrooss, wat s du jo och sees awer an denger Beschrweiwung vun der Foto schreifs de selwer Bierkelterstrooss. U wat hale mer ons elo? Ech mengen eng Prinzipiendiskussioun op déi een an Zukunft kéint hiweise wier wichteg, fir datt net ëmmer nees al Zoppen opgewiermt ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:05, 19. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]