Diskussioun:Holland

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, léiw Wikipedianer,

De Staat heescht offiziell "Nederland", a wa mir och esou "mondfaul" sinn, datt mer "Holland" fir dat Ganzt soën, sou ass ët awer zimmlech absurd fir zë schreiwen : "Holland besteet aus de Provënze Limburg, Seeland, Nordholland, Südholland, Friesland, asw.". Zu Maastricht gëtt ët keng "Hollänner", mä Limburger!

A wa mer schonn dobäi sinn, am Norde vun der Belsch, an der haiteger Regioun Flanderen, gëtt bestëmmt keen "Hollännesch" geschwat... D'Flamen verdroën d'"Hollänner" zimmlech schlecht, an dat aus historeschen Ursachen: an den nördleche "Provënzen" vun den deemolegen Nidderlanden (16. Jh.) huet sech de Calvinismus duerchgesat, a spéider, am Kinnekräich "Nederland", ass no an no d' Héichsprooch "Nidderlännesch" (Nederlands) entstan. An den nördleche Provënze vun der Belsch woren d'Leit awer ëmmer déif kathoulesch, a si hunn, an engem belsche Staat, dee laang zentralistesch an eesproochesch franséisch geféiert ginn ass, weider hiir ënnerschiddlech Dialekter geschwat... D'Akzeptanz vis-à-vis vum "Nidderlänneschen" ass eréischt komm, wéi d'Flamen an der Belsch politesch gläichgestallt goufen, a mat den "Hollänner" zesummen un hirer gemeinsamer Héichsprooch geschafft hunn, ...wat nët verhënnert, datt d'Flamen nach ëmmer "vlaams" schwätzen... Ech hunn dacks zu Bréissel oder am belschen Hainaut héieren, mir géngen Däitsch schwätzen. Dat huet mir esou wéineg gefall, ewéi ët engem Limburger oder Seelänner gefällt, wann een him seet, hie géif Hollännesch schwätzen. Bis bal, Chris

Den DFL ass do anerer Meenung.
Deen iwwersetzt Pays-Bas mat Holland.
Hei och nach d'Äntwert vun engem Linguist an der Saach vun der Sprooch.
Äntwert vun engem Linguist, deen an der Belsch wunnt: "Flämesch" ass de Sammelbegrëff fir déi Dialekter, déi a Flandern geschwat ginn. D'Schrëftsprooch (an offiziell Regionalsprooch vu Flandern, co-offiziell Regionalsprooch vun der Haaptstadregioun Bréissel a co-offiziell Landessprooch) ass "Nederlands". Well op Lëtzebuergesch Nederland "Holland" genannt gëtt, an d'Sprooch Nederlands "Hollännesch", gesinn ech kee Probleem, firwat een net kéinnt soen, datt a(m Norde vu)n der Belsch Hollännesch geschwat gëtt. Den Artikel "Hollännesch" (deen et nach net gëtt) méich kloer, wat gemengt wier. --Zinneke 13:11, 3. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,
Net zécken an einfach d'Artikele schreiwen. An deene ka souvill erkläert ginn wéi et néideg ass. Beim Geschwätz op den Diskussiounssäiten kënnt net vill Positives eraus.
Net fäerten, einfach mol ufänken. Hollännesch oder Dialekter an Holland et kënnt dann och bestëmmt e Chefredakter oder Zensor deen Iech de Spaass verdierft.
Pierrenilles 11:41, 3. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, Ganz d'accord ...fir nëmmen näischt z'änneren! Mir wëlle bleiwe wat mir sin, egal wéi falsch oder domm. De Wëllem I. vun Holland war zwar ee Grof ëm 1200, also am Mëttelalter, mä 't ass jo egal, wa mer domat de Kinnek Wëllem I. (1815->) bezeechnen... Eng kuerz Zäit gouf ët jo ee "Kinnek vun Holland", offiziell(!): dem Napoléon säi Bridderche Louis. Spéider gouf ët zwar dann e Kinnekräich vun de (Vereenten) Nidderlanden, mä mir soën awer "Holland", do! Mer soë jo och "Beholux", an nët "Benelux"... A spéitstens wa mer "Pays-Bas autrichiens" mussen iwwersetzen, musse mer awer "Nidderlande" benotzen an agesinn, dat een op enger Enzyclopedie, déi Niveau wëll hunn, nët egal wat ka maachen. Oder geet ët nëmmen drëm, dem Vollék alles nozëmaachen an duerchzëloossen??? Dës puer Gedanke fir all déi, déi sech éierlech beméien, den Inhalt vun der lb. wikipedia op e seriöse Niveau zë hiewen, well soss brauche mer keng! Gutt Nuecht, R.D.

Moien,
Et gëtt op dëser Wiki e puer Erklärungen, wat zu Lëtzebuerg ënner Holland verstane gëtt, a wat soss nach alles ënner deem Numm existéiert.
Mä et ass warscheinlech streng verbueden déi kucken ze goen.
Wat d'Limburger zu Maastricht ugeet, do well ech léiwer net probéieren erauszefannen op et belsch Limburger oder hollännesch Limburger sinn, oder ob et duerch Zoufall een ass dee vu Limburg aus der Provënz Léck, oder aus der däitscher Stad Limburg kënnt.
Dat nëmme just als Erklärung datt op der Wikipedia net grad alles an een Dëppe geheit gëtt.
Les Meloures 08:19, 5. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut, Här M. Limburg ass eng Provënz gewiescht, déi den Département de Meuse-Inférieure ersat huet, wéi dee nei Staat "(Vereenegt) Nidderlande" vum Wiener Kongress gegrënnt gouf. Den Numm sollt un dat alt Herzogtum Limburg erënneren, dat eigentlech méi östlech louch, awer nach ëmmer an den Éisträicheschen Nidderlanden... (bis 1794/95). Am Kontext vun der Belscher Revolutioun (1830-1839) gouf engersäits d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, anerersäits d'Provënz Limburg tëscht der Belsch an dem Kinnek-Groussherzog Wëllem I. gedeelt (1839). Dofir, Här M., gëtt ët zënter 1839 souwuel eng belsch Provënz Limburg (Hasselt, Genk, asw.) ewéi eng nidderlännesch Provënz Limburg (Maastricht, Venlo, Roermond...). An dat Ganzt huet rose wéineg mat der däitscher Stad Limburg un der Lahn zë dinn. Elo kënn der verstoën, firwat zu Maastricht keen sech als "Hollänner" bezeechent, mee als "Limburger" ...an als Staatsbiirger vun den "Nidderlanden". Jiddderee vun äis kann all Dag bäiléieren! Ech si selwer scho villes gewuer ginn op der lb. wiki. Dofir soll se jo do sinn. Awer nët fir ongenau Gebräicher zë stäerken. "Amerika" oder "Holland" si Begrëffer, déi an enger Enzyklopedie richteg musse gebraucht gin. Dobaussen, op der Strooss, do ass ët anescht. Ciao, René D.

Moien,
Ech froe mech wierklech firwat et op der lb:Wikipedia follgend Artikele gëtt.
Liest keen déi oder si mer blann, oder wëlle mer nëmme braddele kommen?
Subjektivitéiten déi net bewise sinn, wéi Leit sech selwer nennen, gehéieren och net heihinner. Wéivill Stacklimburger nach zu Maastricht wunnen misst een dann och emol feststellen? Do géif ee sech da vläicht nach wonneren.
Pierrenilles 10:39, 5. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Ech fannen et jo akzeptabel, datt den Artikel "Holland" heescht, well d'Land an der Lëtzebuerger Sprooch eben esou genannt gëtt an aner Nimm (wéi Nidderlanden) immens siele sinn. Awer et misst dach op d'mannst emol direkt um Ufank vum Artikel eppes stoen, datt streng genommen Holland nëmmen eng Provinz vum Land ass. Wann esou e Saz do stéing, géif sech och kee Mënsch méi driwwer opreegen an alles wier kloer.

Nom Napoleon[Quelltext änneren]

Nodeem Frankräich ënner dem Napoléon och Holland ënnerjacht hat, gouf aus him 1815 d'Kinnekräich vun de Vereenegten Nidderlanden,

Wann een dee Saz liest da kritt een d'Impressioun wéi wann dat nach ënner dem franséische Regime geschouch. Hunn ech eleng dat Gefill?? --Pierrenilles (Diskussioun) 11:03, 8. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]