Diskussioun:Identitéitskaart

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

ass net méi aktuell : https://fr.wikipedia.org/wiki/Carte_d%27identit%C3%A9_%C3%A9lectronique

Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, oder leet eventuell den Artikel Elektronesch Identitéitskaart un. Op der Diskussiounssäit ass kengem mat Äre Bemierkunge gehollef a scho guer net a sou engme lapidaren Toun.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Hei schéngt den A. Nonyme gemengt zu hu säin/hire Pefferkär misste bäizeleeën. Déi Foto am Artikel ass genee déi, déi de Conseil vun der EU op senger Websäit mat de belsche Kaarten publizéiert huet, mam éischten Ausstellungsdatum vum 06/01/2020. Vläicht gëtt et trotzdeem méi eng nei Versioun? Da wgl. et esou maachen wéi am roude Kader hei driwwer ernimmt. MERCI. GilPe (Diskussioun) 15:02, 14. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Den Carte_d'identité_(Lëtzebuerg) ass elo do,mecht et nach Senn och Elektronesch Identitéitskaart unzeleen? -- Gerard141 (Diskussioun) 07:35, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]


Natierlech. Fir wat soll dat kee Sënn maachen? --Les Meloures (Diskussioun) 08:03, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Well all nei Kaart elo eng elektronesch ass?Gerard141 (Diskussioun) 08:20, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Dat huet dach näischt domat ze dinn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:24, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
elektronesch ass nëmmen eng Eegenschaft vun Kaart?Gerard141 (Diskussioun) 08:45, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Du schéngs schwéier vu Begrëff ze sinn. Muss een dann alles hei auserneeplécke fir datts du dat verstees. Ech hat alt geduecht du häss no där Diskussioun vum Artikel Matricule verstanen datt an enger Enzyklopedie net alles dengem klenge Bléckwénkel entsprécht.
Du sees hei: Well all nei Kaart elo eng elektronesch ass. Dat ass schonn eng Ausso déi nëmmen op Lëtzebuerg an e puer aner Länner zoutrëfft. A souguer wann all Kaart elekronesch wier, firwat soll et keen allgemengen Artikel ginn deen erkläert wat eng elektronesch Identitéitskaart ass, fir wat se ze gebrauchen ass, wat déi perséinlech an administrativ Avantage sinn etc etc. --Les Meloures (Diskussioun) 09:02, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Dozu vum Benotzer MMFE:"Ech gesinn de Sënn vun der lëtzebuergescher Wikipedia virun allem doranner, alles ze behandelen wat mam lëtzebuerger Land a senge Bewunner ze dinn huet. Wat méi vun allgemengem Interessi ass a keen direkte Bezuch zu Lëtzebuerg huet, fannen ech besser bei der däitscher, franséischer oder englescher Wikipedia opgehuewen, well jo all Lëtzebuerger an och all Nët-Lëtzebuerger, deen hei am Land wunnt, eng vun deene ka benotzen"Gerard141 (Diskussioun) 09:53, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Wat huet de Fong vun dëser Diskussioun mat der Meenung oder de Prioritéiete vun engem Benotzer ze dinn. --Les Meloures (Diskussioun) 09:58, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Theoretesch misst een deen Artikel maachen awer en hätt dann keen Bezuch zu LëtzebuergGerard141 (Diskussioun) 10:11, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Kanns de mir mol erkläre wat s de net verstanen hues.
Fir et da méi einfach ze maachen stellen ech der mol e puer Froen fir datt ech mech un dengen Äntwerten orientéiere kann.
1) Hues de alles gelies wat s de recomandéiert krus wéis de Moie gesot krus?
2) Wees de wat eng Enzyklopedie ass?
3) Wees dewat déi lëtzebuergesch Wikipedia ass?
4) Wees de datt méi Artikelen op der lb:Wikipedia stinn déi kee Bezuch mat Lëtzebuerg hunn wéi där aner?
5) Wees de datt den lb fir Lëtzebuerg an der Wikipediaorganisatioun fir d'Lëtzbuergesch Sprooch steet?
6) Wees de datt Lëtzebuergesch Sprooch am Sënn vun dëser Wiki bedeit datt et eng Wikipedia ass wéi all déi aner a just a lëtzebuergescher Sprooch vefaasst gëtt, an ouni Prioritéitszwang fir national Artikelen.
7) Dann nach eng lescht: Am wéivillte Lycéesjoer oder Schouljoer bass de?
--Les Meloures (Diskussioun) 10:36, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
zu 7) :Ech hunn néirens fonnt dass een opgefuerdert ass dat unzeginn
Et wat och éischter eng perséinlech Fro fir ze wëssen op waterengem Niveau datts de kapabel bass fir z'iwwerlëen an ze diskutéieren.
zu 4) wéi ass dann d'Opdeelung? Gerard141 (Diskussioun) 11:28, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
dat kanns de ganz liicht selwer erausfannen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:01, 15. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]