Diskussioun:Iewescht Schlënner

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Flott, datt den Artikel komplettéiert gouf. Et ass mMn awer net alles kloer, zemools am Kapitel iwwer d'Kapell:

  • Dat mat der méiglecher Verwiesslung mat der Kierch vu Buerschent schéngt mer net ganz kloer erkläert;
  • „De 27. September gëtt d'Kapell eng zweet Kéier ageweit“. A wat fir engem Joer?
  • Am Abschnitt vun der Seechen fannen ech net eraus wiem seng Stëmmen do ze héiere waren: „d'Stëmmen vun den Awunner, déi duerch d'Pescht gestuerwe waren“ oder „vun de verstuerwenen Affer aus den ausgestuerwenen Dierfer Nachthumb a Wambach“? (Iwwregens och eng bosseg Sazkonstruktioun). Oder waren dat evenzuell déi selwecht Leit?

Wann dat gekläert ass, proposéieren ech och d'Detailer vun der Kapell hei ewech ze loossen an se an den Artikel vun der Méchelskapell an der Ieweschter Schlënner anzebauen. GilPe (Diskussioun) 17:00, 4. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

  • D'Verwiesslung ass jo awer kloer ze erklären well et sech a béide Fäll ëm e Gebai aus derselwechter Gemeng handelt dat dem hellege Méchel geweit ass.
  • Fir mech ass et zimmlech kloer datt et sech bei de Stëmme vun den Awunner, déi duerch d'Pescht gestuerwe sinn ëm déi selwecht Leit handelt, déi an den zwee Dierfer gestuerwe sinn.
  • Ech denken och datt et besser wier, déi Deeler vum Artikel iwwer d'Kapell an den Artikel vun der Kapell ze integréieren. Den Artikel vun der Kapell sollt am beschten och nees ëmbenannt gi wéi et fréier war a "Méchelskapell vun (oder zu) Uewerschlënner". Hei am Artikel gëtt d'Duerf jo och Uewerschlënner genannt. MMFE (Diskussioun) 10:10, 5. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]