Méchelskapell an der Ieweschter Schlënner

Vu Wikipedia
Kapell an der Ieweschter Schlënner
Kapell an der Ieweschter Schlënner (2015)

Kapell an der Ieweschter Schlënner (2015)
Kapell an der Ieweschter Schlënner (2015)
Uertschaft / Plaz Iewescht Schlënner
Par Dikrich
Le Bon Pasteur
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Konsekratioun 1875
Baujoer 1874
Proprietär Gemeng Buerschent
Koordinaten 49° 57’ 14.7’’ N
      06° 03’ 48.5’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell an der Ieweschter Schlënner ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Buerschent gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt. Niewepatréinesch ass d'helleg Kunigunde.

D'Kapell ass eent vun dräi Gebaier déi vum fréieren Duerf Iewescht Schlënner iwwregbliwwe sinn. Et féiert nëmmen nach e schmuele Pad bis bei d'Gebai. Dem Kadaster no gehéiert d'Kapell den "Awunner aus der Ieweschter Schlënner". Well kee méi do wunnt, war d'Fro vum Proprietär onkloer[1]. Zanter 2017 gehéiert d'Kapell der Gemeng Buerschent.[2]

Zur fréierer Par Schlënnermanescht gehéiert ausser der Kapell aus der Ieweschter Schlënner och nach d'Parkierch vu Schlënnermanescht.

Den 20. November 2020 gouf d'Kapell als nationaalt Monument klasséiert.[3]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell gouf 1874 gebaut an 1875 konsekréiert. 1931 an 1979 gouf se restauréiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méchelskapell an der Ieweschter Schlënner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Rätsel ëm eng Kierch am Éislek." Video op rtl.lu, leschten Update: 12.07.2015, 09:32:39.
  2. Marc Hoscheid, Gotteshaus in Geldnot, Initiative kämpft für Renovierung der Sankt-Michael-Kapelle von Oberschlinder - Gemeinde Bourscheid gesprächsbereit, Luxemburger Wort, 2. Juni 2021, S. 21; Kleine Kapelle bereitet großes Kopfzerbrechen, wort.lu 2.Juni 2021
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).