Diskussioun:Kapell Trënteng
Stiewesbierg[Quelltext änneren]
Moien, um geoportail.lu schéngt de Stiewesbierg verschwonnen ze sinn oder awer a Klausbierg ëmbenannt ginn? --Jwh (Diskussioun) 21:15, 21. Jul. 2013 (UTC)
- Jo, dat steet jo och schonn an den Notten zënter dem Juni. D'Kapell ass dem hl. Étienne = Stephan geweit, dohier gëtt de Bierg da wuel de Stiewesbierg genannt, oder misst et Stiefesbierg heeschen? --MMFE (Diskussioun) 22:15, 21. Jul. 2013 (UTC)
- Richteg, an nom Urkadaster schéngt se um Territoire vun Ierseng ze leien --Jwh (Diskussioun) 22:28, 21. Jul. 2013 (UTC)
- Fir de Stiewes léisst d'LW déi zwou Schreifweise lafen.
- Déi Iersenger soen allerdéngs et wier hir Kapell sou wéi den Urkadaster et beleet. Déi nei Kadatersektioun heescht och net Trënteng mä Trintingerthal --Les Meloures (Diskussioun) 07:48, 22. Jul. 2013 (UTC)