Diskussioun:Kaweechelcher

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am De Scout vum September 2010 heescht et: Dict. Eechternoacher-Letzebuergesch: Quaichlek = Kaweechelchen. Kann een dat bestätegen? Da kéint een dat jo och nach vläit an den Artikel setzen. --Bdx (Diskussioun) 20:21, 22. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, Beim Klees (Lux Tiernamen) stinn dosende vu Varainten op Qua-/Ka-/Kar -weech/ -elek/-el/-elchen/ -erek asw., iwwer Kueichlek mat Varianten bis hin zu Käkert, Kibberchen a soss nach méi. Do bleiwe mer am beschte beim gängeste Begrëff... --Zinneke (Diskussioun) 20:35, 22. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
D'LWB kennt déi Variant net, dofir awer Kueichlek, Kueischlek, Kua(a)schlek, Äächelchen, Kockéchelchen an Äächekieber.
D'WdLM kennt nach Kawêchelek.
--Les Meloures (Diskussioun) 20:38, 22. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
OK, wousst guer net datt et duerfir esouvill Variante ginn! Da mengen muss een se wirklech net all ernimmen :) --Bdx (Diskussioun) 20:56, 22. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]