Diskussioun:Knabberdéieren

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Misst et net Biwer amplaz Biber heeschen?

Cf. http://engelmann.uni.lu:8080/portal/WBB2009/LWB/wbgui_py?lemid=HB01524

Christian Ries (Diskussioun) 06:37, 13. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Firwat huet den Engelmann hanner den Audrock dat heiten Zeeche gesat  ? Ech ginn mol dervun aus well dat an den Dictionairë seet datt dat Wuert ausgestuerwen oder vereelst ass an net méi gebraucht gëtt.

Am Virwuert vum LWB gëtt dat och d'selwecht erkäert: † hinter einem Wort zeigt an, daß es veraltet ist. --109.129.206.254 07:31, 13. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

En Artikel iwwer dat Déierchen (ëmmerhin och nees zu Lëtzebueg doheem)?--Zinneke (Diskussioun) 14:42, 13. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]
Salut Zinneke, ech sinn am Gaangen, den Internetsite neobiota.lu à jour ze setzen an hunn och no lëtzebuergesch Nimm gesicht. Ech setzen déi dann och an d'Wikispecies. Wéinst dem Biwer mengen ech datt déi Bezeechnung vun den Dictionnärsmécher als vereelst ugesi ginn ass, well de Biwer selwer schonns laang ausgestuerwe war, wéi si den Dictionnär zesumme gestalt hunn. An der Tëschenzäit hu mer nees zwou Biweraarten zu Lëtzebuerg, an ech froe mech, ob mir an deem heite Fall net sollten den Numm Biwer reaktivéieren? (https://neobiota.lu/castor-canadensis/) MbG
Christian Ries (Diskussioun) 15:15, 13. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]
Et ass net der Wikipedia hir Missioun Nimm ze reaktivéieren. --109.129.206.254 16:37, 13. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]
Fir mech schéngt dat mam Biwer definitiv vereelzt ze sinn. D'Wuert Biber gouf souguer un der Sprooch ugepasst well am Lëtzebuergesche gëtt et anescht ausgeschwat wéi am Däitschen. Well wéineg vu Biwer/Biber geschriwwe gëtt kann ee schlecht dat als "Beweis" huele fir ze soe wéi dacks wat benotzt gëtt. Wat gëtt bei iech intern benotzt? --Soued031 (Diskussioun) 18:16, 13. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]