Diskussioun:Lëscht vun de Sessioune vum Conseil vum Vëlkerbond

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

1) Déi heite Lëscht ass bis elo net op Internet ze fannen. Si ass eng Referenz fir Historiker, déi iwwert de Vëlkerbond a seng Membre schaffen. De Vëlkerbond war déi zentral Organisatioun vun der Tëschekrichszäit, mee ass haut op wikipedia bal net dokumentéiert. - phb

De Vëlkerbond war déi zentral Organisatioun vun der Tëschekrichszäit, mee ass haut op wikipedia bal net dokumentéiert gëtt hei behaapt. Hei drënner eng Lëscht vun de wéinegen Artikelen op Wikipedia. (Lëscht vun den Interwikilinken zum Artikel)

2) Déi Säiten, déi et op wikipedia gëtt - an déi ech verstinn - hu wéineg Contenu, respektiv ass de Contenu vague oder net gutt documentéiert. Ech siche schon zënter enger gewësser Zäit déi heite Lëscht, an hu se elo schlussendlech selwer ugeluecht. Fir dass aner Leit kënnen dovu profitéieren, hunn ech se op wikipedia gesat. Et gëtt Säite mat verschiddene Chronologien. Ech verstinn net, firwat elo grad déi vun der Organisatioun, aus där d'UNO enstan ass, dem Lëtzebuerger Wikipedia e Där am A ass. Wann der e Moderateur sitt, wéi ech unhuelen, kéint der Iech w.e.g. aloggen? Merci. Ech selwer hu leider kee Konto. - phb

Majo, dat ass alles schéin a gutt. Wéi wier et dann, wann Dir einfach op der lb:Wikipedia den Artikel mat Ärer gudder Dokumentatioun géift opfëllen. Dat eenzegt valabelt un där Lëscht sinn d'Presidentennimm. Firwat hutt der Iech net fir zwéi Su d'Méi gemaach fir en halleft Wuert iwwer de Conseil am Artikel ze schreiwen, dat hätt méi bruecht wéi eng Niewelaanschtlëscht. Ouni ee Wuert am Artikel mécht sou eng Lëscht rose wéineg Sënn. Ech hu leider och kee Konto.
Moien, Ech fannen dee Commentaire hei driwwer eppes deplacéiert (net nëmmen am Toun): E Grondprinzip vum gudde Fonctionnéieren um bescheidenen Niveau (wat d'Mataarbechterzuel betrëfft) vun dëser Wiki ass, dass keen deem anere virschreiwe soll a kann, wat 'onbedingt' an 'iwwerhaapt' emol geschriwwe misst ginn. Hei huet een eng Lëscht publizéiert, déi en Hëllefsmëttel zu engem oder aneren Artikelen zum Thema Vëlkerbond ka sinn. En anere schreift Artikelen zu franséischen Dierfercher, Filmer aus den 50er Joeren, Premierministeren aus Afrika oder Krateren um Mound. An dat ass gutt esou. Souguer wann et nach ëmmer keen Artikel zum Thema x, y oder z gëtt, deen et 'am Fong' längst hei misst ginn. Mat Gediskutéiers kënnt kee weider. Déi Situatioun hate mer schon eng Kéier virun 10 Joer, wou Säitelaang diskutéiert, awer keng Zeil Artikel geschriwwe gouf. Ech wier froum déi kéim net erëm. Genuch geschwat :-) --Zinneke (Diskussioun) 17:29, 26. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]
Gudde Moien och,
wann ech och mam Kolleg Zinneke eens sinn datt hei iwwer déi Lëscht genuch geschwat gouf, sou muss ech awer eppes zum Prinzip soen.
Hei sinn all d'Regele vun der Wikipedia iwwergaange ginn. Dat ass eppes wat ech net an der Rei fannen. D'Dikussiounen iwwer d'Läschen oder net Läschen hätte missen op der richteger Plaz gefouert ginn an zwar op dëser Säit an dat einfach fir datt d'Communautéit d'Méiglechkeet gehat hätt fir ofzestëmmen. Ech fannen déi heiten Aart a Weis fir virzegoen einfach net korrekt.
Datt ee mengt e misst eng Lëscht maachen ass jo an der Rei, datt en anere mengt déi Lëscht wier net relevant a se fir d'Läsche proposéiert ass och korrekt. Wann dat geschitt ass, soll néirens anescht méi wéi op der Läschsäit driwwer diskutéiert ginn. Ech hoffe just datt meng Kollegen Adminne sech an Zukunft un déi Prozedur halen an och Leit déi sech beschwéiere kommen an deem Sënn informéieren. Merci am Viraus am Numm vun den anere Wikipedianer déi och vläicht gär hir Meenung gesot hätten. --Les Meloures (Diskussioun) 18:49, 26. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]
@ Les Meloures: Op der Läschsäit kann een nëmmen un enger Discussioun duerhuelen, wann een ee Konto huet, wat net mäi Fall ass. Fir de Rescht war ech frou, dass ee Kolleeg intervenéiert ass, well déi Persoun, déi sech hei beschwéiert, dass d'Regele vu Wikipedia iwwergaange gi sinn huet sech net emol un élementaire Regele vun Héiflechkeet gehalen. - phb
@ IP 37.251.221.139 alias phb: Kënnt Dir mir vläicht erkläre wou ech net héiflech war. ??? --Les Meloures (Diskussioun) 20:04, 26. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]
PS:Op der Läschsäit kann een nëmmen un enger Discussioun duerhuelen, wann een ee Konto huet, wat net mäi Fall ass
Et wäert jo awer sécher net meng Schold sinn wann Dir kee Konnt hutt. --Les Meloures (Diskussioun) 20:18, 26. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]
@Les Meloures Dir wat et jo net, dee sech beschwéiert huet! - Merci fir Är Hëllef, d'Lëscht fänkt un, gutt auszegesinn. - - phb
@Les Meloures Ëntschëllegt, ech schéinen hei Saachen duerchernee geworf ze hunn; op jiddefalls, dir waart net gemengt. - phb

Moien, firwat ginn an der Lëscht réimesch Zeeche gebraucht fir ze nummeréieren. --217.136.92.25 08:04, 30. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]