Diskussioun:Lëscht vun de Stroossentunnellen zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech mengen der Bauverwaltung hir Lëscht ass net komplett. Oder soll et och Tunelle ginn déi net an hirer Kompetenz sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 10:59, 21. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]

Et fält mir elo direkt keen Tunnel an, deen z. B. vun enger Gemeng ënnerhale géif... Mä net alles wat wéi en Tunnel ausgesäit, gëtt och als Tunnel vun der Bauverwaltung ugesinn: Wann ist ein Bawerk ein. Tunnel ? GilPe (Diskussioun) 11:18, 21. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]
Mä net alles wat wéi en Tunnel ausgesäit Do hues de op eng Manéier net ganz Recht. Et gesäit sou aus wéi wann Bauvewaltung anscheinend alles Tunnel nennt och wann et keng am richtege Sënn vum Tunnel sinn. E ganze Pak an där Lëscht si just dat wat déi däitsch Unterführung an d'Fransousen tranchée couverte nennen. Dommerweis hale se sech nees un auslännesch (haaptsächlech) däitsch Definitiounen. Mä sinn der alt emol. Mä dat ass zweetrangeg an dëser Diskussioun, et kéint ee vläicht just als Explikatioun an der Lëscht derbäisetzen andeems een eng Nott géif setzen.
Mir ass och kee bekannt deen net vun Bauverwaltung ënnerhale gëtt, ech hunn dat just gefrot well den Tunnel vun Esch-Sauer an hirer Lëscht feelt. --Les Meloures (Diskussioun) 11:54, 21. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]