Diskussioun:Lannen zu Bëttel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Haut si se zesummegewuess an déi eenzel Krounen ënnerstëtze sech géigesäiteg.

Wann een d'Beem op der Foto gesäit, da géif een dat net mengen. Ech gesinn datt all Stamm eng eege fir Lannen typesch pyramidefërmeg Kroun entwéckelt huet, déi éischter mat där anerer a Konkurenz ass wéi datt se sech géifen ënnerstëtzen. Et ass an der Natur och ganz rar fir net ze soen, dat gëtt et iwwerhaapt net, datt ee Bamm deen aneren ënnerstëtzt. --2A02:A03F:A199:6C00:784C:F46A:3DD9:40A6 12:35, 9. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Gudde Mëtteg,
D'Informatioun ass aus der Quell 2023 (Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg): « Aujourd'hui les houppiers des couples se confondent et se soutiennent l'un l'autre. Ils sont devenus indissociables. ». Elo am Wanter ouni Laf gesäit dat sech vläicht och anescht un. GilPe (Diskussioun) 12:56, 9. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
An der Literatur kann een ëmmer flot Beschreiwunge maachen ouni datt e Mënsch sech dru stéiert. Wann een d'Fotoen hei gesäit da mierkt ee jo datt dat manifestement net stëmmt. Dofir proposéieren ech emol dee Saz ewechzeloossen. --Les Meloures (Diskussioun) 13:09, 9. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
PS. Ech hunn och keent vun de Bicher vu virdrun. Et ass och méiglech datt do eppes opgeschriwwe gouf, ouni nach eng Kéier op d'Plaz ze goen. Et gesäit ee jo och schéin datt d'Beem eng Kéier virun net ze laanger Zäit zréckgeschnidde goufen, wat sécher d'Ursach vun der Dissociatioun vun de Krounen ass. --Les Meloures (Diskussioun) 15:25, 9. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Ech hunn nach eng Kéier an den zwéi Bicher gekuckt: an deem vun 2002 ass eng Foto mat de Beem am Wanter, se hunn alleguer eng schéi breet Kroun. An deem vun 2023 ass d'Foto aus dem Summer, mä och mat breede Krounen. D'Beem schéngen deemno geschnidde ginn ze sinn, nodeem d'Foto aus dem 2023er Buch geholl gouf. Ech hunn de Saz am Artikel elo mol verstoppt.
Merci! | GilPe (Diskussioun) 18:31, 9. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Resalut, jo déi Beschreiwung gouf héchstwahrscheinlech ganz laang virun der Publikatioun vum Buch gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 18:42, 9. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]