Lannen zu Bëttel
Ausgesinn
Lannen zu Bëttel | |
---|---|
D'Lannen am Februar 2024 | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Tandel |
Plaz | Bëttel |
Adress | Gare vu Bëttel |
Koordinaten | 49°55'10,49"N, 6°13'21,00"O |
Bamaart | Sëlwerlann |
Héicht | 22,3 m (2023) |
Duerchmiesser | 1,34 m (2023) |
Ëmfang | 4,21 m (2023) |
D'Lannen zu Bëttel sinn e Grupp vu véier Sëlwerlannen (Tilia tomentosa, (fr)tilleul argenté, (de)Silber-Linde) déi zu Bëttel an der Gemeng Tandel stinn an déi zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.
Lokalisatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Beem stinn zu Bëttel am Kierfechtswee, bei der fréierer Gare, op der Vëlospist vun den dräi Flëss (PC3) resp. dem Our-Wanderpad.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Beem stinn do wou sengerzäit, tëscht 1899 an 1948 de „Benni“ gehalen huet, deen Zuch, deen tëscht Dikrech a Veianen hin- an hiergefuer ass. D'Lanne goufen zu ënnerschiddlechen Zäiten als Koppel gesat an hir Kroune konnte sech net harmonesch zu alle Säiten hin entwéckelen.
Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]Joer | |||
---|---|---|---|
2000 | 3,90 | 1,24 | 28,00 |
2023 | 4,21 | 1,34 | 22,30 |
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Fréijoer ()
-
Summer ()
-
Hierscht ()
-
Wanter (2024)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 30-31, Foto an Text).
- Bartimes, Mett et al.. 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 104-105, Foto an Text).
- Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lannen zu Bëttel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ bei engem Grupp vu Beem sinn d'Moosse vun deem décksten / héchsten uginn
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur