Diskussioun:Mécken

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, schéin datt den Artikel Mécken geschriwwe gouf
Ech wëll hei just drop hiweisen, datt et am Däitschen déi zwéi Begrëffer

  • Fliegen (z.B. de:Stubenfliege) a
  • Mücken (de: Stechmücken (fr. Moustiques), Schnaken, a vill aner Famillje) gëtt.

Déi zwéi getrennte Begrëffer gëtt et am Lëtzebuergeschen an och am Franséischen net. Woraus sech ergëtt:

Brachycera = de Fliegen = lb Mécken = fr Brachycères
Nematocera = de Mücken = lb ? Nematoceren = fr Nématocères

lb:Mécken ass also net dat selwecht ewéi de:Mücken!

Mouche ass en terme ambigu, e gëtt haaptsächlech fir d'Arten aus der Gattung Musca gebraucht.
Sorry, dat do war elo wéi an der Schoul :-). --Cayambe (Diskussioun) 18:11, 4. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci, da's duerchaus wichteg, an Erënnerung ze halen, wann een sech mat deenen anere Déiercher befaasse wëll (ech sinn do kee Spezialist, et goung mer drëm eng Foto op der Haaptsäit ze bléizen). Nematocera géif ech "Moustiquen" nennen. Zur Nout bleift, wéi ëmmer an der Déiren- a Planzewelt, ëmmer d'Latäin.--Zinneke (Diskussioun) 10:23, 6. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech mengen, ausser Moustiquen kënnt een och nach Stiechmëcken huelen.--MMFE (Diskussioun) 14:38, 6. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Déi däitsch "Mücken" sinn awer net all "Stechmücken". Wann ee "Mücke" seet, mengt een zwar fir d'meescht eng "Stechmücke", mä biologesch gehéiren nach aner Déiercher dobäi. De franséische Begrëff schéngt besser ze passen. Kolmiel (Diskussioun) 18:40, 30. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]