Mécken

Vu Wikipedia
Mécken
(Calliphora spec.)

(Calliphora spec.)
(Calliphora spec.)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Uerdnung: Diptera
Wëssenschaftlechen Numm
Brachycera
Schiner   1862
Subtaxa

Orthorrhapha
Cyclorrhapha

Schäissmécken op engem Kouflapp
Beendetail vun enger Hausméck

Mécken (Brachycera) sinn eng Ënneruerdnung vun den Diptera ("déi mat zwéi Flilleken"), zu där eng sëllege Famillje gezielt ginn. "Brachycera" sëtzt sech aus de griichesche Wierder brachy "kuerz" an ceros "Har", hei: "Fühler" zesummen.

Jee nodeem, wéi d'Mécken aus hire Poppen erausklammen, ginn se ënneragedeelt a "Spaltschlüpfer" (Orthorrhapha), déi de laange Wee aus enger Spléck aus hire Poppen erausklammen, an "Deckelschlüpfer" (Cyclorrhapha), déi den Deckel vun der Popp ewechdrécken.

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

Ausgewuesse Mécken (Imago) liewe just e puer Wochen oder Deeg. Am längsten dauert de Larvestadium, woubäi dës an den ënnerschiddlechste Liewensraim an op den ënnerschiddlechste Substrater virkommen.

Ernierung[änneren | Quelltext änneren]

Mécken erniere sech virun allem vun organesche Substanzen, sief et vun organesche Matièren, déi am Gaang sinn, sech ze zersetzen, wéi och als Jeeër vun aneren Insekten oder als Parasiten. An de meeschte Fäll erniere sech souwuel d'Larve wéi och d'Imagines.

Reproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Vill Aarte leeën hir Eeër onspezifesch a këmmere sech kaum ëm hir Bréiecht. Dës Aarte leeën deementspriechend héich Zuele vun Eeër. Aner Aarten, besonnesch bei deenen, déi als Parasite liewen, këmmere sech méi ëm hir Bréiecht. Zuel an Heefegkeet vum Nowuess ass staark ofhängeg vu Klima, disponibelem Friessen, etc.

Besonnesch Upassungen[änneren | Quelltext änneren]

Mécke si kapabel, och op glate Surfacen Halt ze fannen.

D'Larve vun enger Rëtsch Méckenaarte liewen a Fleesch, Exkrementer oder anerem organeschem Material, dat am Gaang ass sech ze zersetzten. Do kënne se pathogen Keimer ophuelen, an dës op Mënsch oder Déier iwwerdroen.

Besonnesch divers Aarte vun de Famillje vun de Schäissmécken (Calliphoridae), Fleeschmécken (Sarcophagidae) an Echt Mécken (Muscidae, z. B. déi wäit verbreet Hausméck), kënne Krankheeten iwwerdroen. Hir Muede liewe virun allem vun ofgestuerwene Substanzen, sief et vun Déieren oder Planzen. Eenzel Aarte liewen och a liewegem Gewief, a kënnen sou eng Myiasis ausléisen (ë. a. d'Larva migrans).

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Mécke ginn an Orthorrapha ("Spaltschlüpfer") Cyclorrhapha ("Deckelschlüpfer") agedeelt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joachim Haupt & Hiroko Haupt: Fliegen und Mücken. Beobachtung – Lebensweise. Weltbild, Augsburg 1998, ISBN 3-89440-278-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mécken – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Méck Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen