Diskussioun:Milou

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zwou Klengegkeeten[Quelltext änneren]

Faibel[Quelltext änneren]

"Hien huet sou wéi säi Meeschter e Faibel fir Alkohol": Gëtt do net de Kapitän Haddock (deen d'Symptomer vun engem pathologeschen Alkoholiker opweist) mam Tintin als dem Milou säi Meeschter verwiesselt? Zinneke

Neen, an den éischten Tintinen huet den Tintin selwer och haiansdo eng am Hitti. Ass an der Referenz N° 3 ze gesinn déi hanner Alkohol steet. --Les Meloures (Diskussioun) 10:11, 10. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]

Titelen[Quelltext änneren]

Ech giff nëmmen déi Titelen op Lëtzebuergesch hischreiwen, déi och iwwersat gi sinn (mat hannendrun a Klameren d'Original). All aner just am franséischen Original.

--Zinneke (Diskussioun) 17:10, 9. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]

Wa mer eng lb-wiki sinn, da muss all franséischen Original-Titel hannendrun a Klameren iwwersat ginn. Net jiddereen dee Lëtzebuergesch kann kann och Franséisch, de ‎Wolverène dierft just ee Beispill vu ville sinn. Soss kënne mer och japanesch Titelen am Original loossen... --Otets ♣ 10:04, 10. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]
"Wa mer eng lb-wiki sinn, da muss all franséischen Original-Titel hannendrun a Klameren iwwersat ginn".
Wat ass dat do fir e Kabes. !!! Gi mer dann elo bei all Bicher dohin a mer iwwersetzen déi auslännesch Titelen déi et net op lëtzebuergesch gëtt. Do fänkt méi Kapp awer un, mer wéi ze doen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:14, 10. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]
Datt et vill Méi ass a fir déi meeschte Lieser onnëtz, dat ginn ech zou. Mee et wier konsequent (soss kann den Artikel "Jirō Atsumi" mat de japaneschen Titelen och sou stoe bleiwen). An et wier e Schrack an déi richteg Richtung, fir engem dee Lëtzebuergesch léiert och e lëtzebuergeschen Univers ze bidden deen e versteet ouni nach aner Sproochen dernieft mussen ze léieren. Mer musse jo net wéi d'Fransousen Airbag* (* Loftkëssen) schreiwen, mee et muss een eisen Noper zougestoen datt se net einfach kapituléieren. Fir d'Welt wier et méi einfach wa mer all giffe just Englesch schwätzen, da kéinte mer eis z.B. déi abberdausende vu Stonnen Oarbecht un enger lb-wiki spueren. Et ass vill Méi, jo, mee dat ass wi gesot déi ganz lb-wiki, déi en plus trotz aller Méi ni sou komplett wäert si wéi déi grouss Wikien. Et ass dobäi net mäin Uleies, all Mënsch wëllen ze forcéieren, däitsch, englesch oder franséisch Titele mussen z'iwwersetzen. Mee wann ee wi de Soued sech schonn d'Méi mécht et ze man, da soll seng Iwwersetzung wéinstens nieft dem Originaltitel stoe bleiwen däerfen a soll net gestrach musse ginn. --Otets ♣ 10:35, 10. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]
"Ech giff nëmmen déi Titelen op Lëtzebuergesch hischreiwen, déi och iwwersat gi sinn"
Ech gesinn an deem ganzen Artikel keen Titel deen net op Lëtzebuergesch iwwersat gouf. Dem Tintin séng Geschichten gëtt beim Lex Roth sengen Iwwersetzungen allkéiers am Titel mat ernimmt. --Les Meloures (Diskussioun) 10:24, 10. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]


Éierlech gesot, ob de japaneschen "Jirō Atsumi" Artikel (wann een dat sou däerf nennen) sou stoe bleift oder net ass mir perséinlech puupegal. Wann s du als Admin nëmme kanns Froen opwerfen (hei bei engem Artikel deen nach an der Aarbecht ass) an net amstand bass selwer e kapablen Artikel ze schreiwen da soll dat net meng Suerg mä der Allgemengheet hir sinn. ---Les Meloures (Diskussioun) 11:31, 10. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]
da soll seng Iwwersetzung wéinstens nieft dem Originaltitel stoe bleiwen däerfen a soll net gestrach musse ginn
Wien huet dann hei eppes gestrach oder gesot et misst gestrach ginn ???? --Les Meloures (Diskussioun) 11:36, 10. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]
Wann den Zinneke schreift "All aner [Titele] just am franséischen Original" da misst dat dach wuel heeschen datt Titelen déi net vum Lex Roth als ganzen Album iwwersat goufen net dierfte vun eis iwwersat nieft dem franséischen Original ze stoe kommen. Datt den "Jirō Atsumi" Artikel kee kapablen ass, dat war jo och net de Sënn vun der Saach, dat sollt just eng Skizz ginn di di lescht Konsequenz weist wa mer just original Titelen ouni Iwwersetzung giffen huelen. Mee bon, wa kee verlaangt lëtzebuergesch Iwwersetzungen vun net als Album iwwersaten Titelen ze sträichen, dann ass d'Welt an der Rei. An den "Jirō Atsumi" Artikel ka seng Iwwersetzungen och kréien, e muss jo da kee schlecht Beispill mi sinn. --Otets ♣ 10:46, 11. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]


da misst dat dach wuel heeschen datt Titelen déi net vum Lex Roth als ganzen Album iwwersat goufen net dierfte vun eis iwwersat nieft dem franséischen Original ze stoe kommen
Ech gesinn du entwéckels lues a lues eng perfekt Logik. Et kann een nieft den Originaltitel keng Iwwersetzung setzen (mat Iwwersetzung ass den Titel vum Buch op Lëtzebuergesch gemengt) wann et keng gëtt. D'Wikipedia ass net do fir Iwwersetzungen an d'Welt ze setzen déi et net gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 11:04, 11. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]
Ech hu mech vläit schlecht ausgedréckt. Ech hunn net gemengt, et misst ee gleewen dongen, dat e gewëssen Album op Lëtzebuergesch iwwersat gouf wann dat guer net de Fall war. Ech hu gemengt, datt ee fir de renge Versteestemech vun de franséischen, japaneschen a kisuaheli Titelen déi an engem Artikel ernimmt ginn et erlaabt misst si se nieft dem Original och op Lëtzebuergesch erklärend dohinzeschreiwen. Also sou wi ech et de Mueren am "Jirō Atsumi" Artikel gemat huet, obwuel deen ni op Lëtzebuergesch gesongen huet. Et wäert jo sécher kee kommen a soen di japanesch Lidder dierfte just op Japanesch an eisen Artikelen ernimmt ginn a wee kee Japanesch kann deen hat Pech an däerf den Artikel net komplett verstoen. Näischt anescht mengen ech fir dës franséisch Titelen. An anere Wikien gëtt dat mat Zäiten och gemeet ouni datt een dat läsche géif (z.B. fr-Rammstein, en-Sardou, de-Chanson du Dimanche), an et fënnt een alt och mol Instruktiounen dozou (z.B. op der de-wiki ("Bei fremdsprachigen Texten kann im Sinne der Barrierefreiheit eine Übersetzung sinnvoll sein. [...] Wenn man selber übersetzt, sollte man in jedem Fall den Originaltext mit angeben, damit der Text im Falle einer falschen Übersetzung leichter korrigiert werden kann.") oder der en-wiki ("Where the work is not known by an English title, give the translation in parentheses without special formatting in sentence case [...]. In references, square brackets are used")). Et ass kee forcéiert eng Iwwersetzung matzeliwweren a meeschtens gëtt et net gemat, mee wann een et mécht da kritt en et net geläscht mee et muss just erkenntlich sinn datt et näischt Originales ass. --Otets ♣ 14:16, 11. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]


Hei gëtt iwwer Saachen diskutéiert déi op d'mannst schonn 10 Joer selbsverständlech sinn, a wou bis elo nach ni iergendeen e Problem hat. !!! --Les Meloures (Diskussioun) 14:50, 11. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]

Ëmsou besser, dann ass dat jo lo aus der Welt. --Otets ♣ 15:07, 11. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]