Diskussioun:Monique Smit-Thijs

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

ass eng hollännesch Lokalpolitikerin

Wa se Buergermeeschtesch ass misst se dach bal Lëtzebuergerin sinn, oder ass dat net méi esou? Oder kann et sinn datt an den Artikelen iwwer de Buergermeeschter an iwwer Gemengen eppes falsch steet? --2A02:A03F:A199:6C00:ADA0:B8ED:6525:82F9 14:42, 6. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]

Am Artikel vun der DP steet: "Eine bewusste Entscheidung zur Integration unterstreicht die neue Bürgermeisterin, der sich derzeit um die luxemburgische Staatsbürgerschaft bewirbt.". Deen ass aus dem Juli 2022, an du war se scho Buergermeeschtesch. Ob se déi an Tëschenzäit krut, weess ech net. --Bdx (Diskussioun) 15:01, 6. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]
Da vläicht eng Äntwert op d'Fro:
1)Et brauch een net méi Lëtzebuerger ze sinn fir Buergermeeschter ze ginn. (den Artikel 59 huet geännert)
2)Dat wat an deenen 2 Wikisartikele steet ass falsch a gëtt geännert. --Les Meloures (Diskussioun) 08:57, 7. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]