Diskussioun:Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (A)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et wär interessant hannert de Satz mat den 543 rezenséierten Monumenter eng Referenz ze machen an an Klammeren ze schreiwen vivill der elo schons bei der letzebuerger Wikipedia rezenséiert sin. Ech geif mengen, dat dei lescht Zuel iergendwann mei grouss ass. --Corto lu (Diskussioun) 13:42, 21. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, d'Referenz steet am Haaptartikel, wouvunner dat hei d'Ënnersäit ass. Well der ëmmer nees bäikommen, mécht et am Amnet net vill Sënn, eng Zuel heihin ze setzen, et misst ee se soss bei all neiem Monument, dat opdaucht, aktualiséieren. Ech giff awer proposéieren, den Text op den Ënnersäiten ze reduzéieren, besser op d'Haaptsäit ze verweisen, an eventuell e puer vun den Ënnersäiten zesummenzeleeën, wann et sech bis erausgestallt huet, datt et der just e Grappvoll fir dee Buschtaf gëtt. Dofir misste mer awer déi aner vun deenen ominéise 543 kennen, déi hei nach feelen fir dat ze jugéieren. Gëtt et déi Lëscht iergendwous, vu wou aus een se hei verschaffe kéinnt? --Zinneke (Diskussioun) 14:19, 21. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien och,
Well mer kee Compteur mat agebaut hunn ass dat eng zimmlech opreiwend Aarbecht fir déi ëmmer nozezielen. Um Datum vun haut sinn der 323 op der Wiki opgezielt. --Les Meloures (Diskussioun) 14:23, 21. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
hun d'Lescht, dei ech hun dem Zinneke weidergescheckt, hien kann se och un den Les Meloures schécken --Corto lu (Diskussioun) 14:32, 21. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Merci Corto, ech hu se kritt. Ech hu just ee klenge Probleem: Sinn haut an déi nächst Deeg net doheem, d.h. ech kann E-maile kréien, awer keng fortschécken. Ech verschécken se soubal dat technesch méijech ass. Wa soss ee se gär hätt (da kinnte mer eis d'Aarbecht deelen, fir se hei ze verschaffen): EInfach hei bescheed soen. --Zinneke (Diskussioun) 16:48, 21. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Wéi scho gesot, ech hëllefen do gäer. --MMFE (Diskussioun) 06:10, 22. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]