Diskussioun:Munnefell

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hallo, gëtt de Begrëff "Munnefell" vun iergendengem nach gebraucht? Ech hunn e just am Luxemburger Wörterbuch fonnt. Den LOD, dico.lu, a luxdico kenne just d'Zwerchfell. D'Wörterbuch der luxemburgischen Mundart an de Lexicon der Luxemburger Umgangssprache kenne kee vun deene Begrëffer.
Oder gëtt Munnefell just bei Déieren an net beim Mënsch benotzt? --Bdx (Diskussioun) 08:27, 14. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Moien, wéi schonn dacks gesot: dem LOD feelt nach en décke Pak Wierder déi et op Lëtzebuergesch gëtt a mer wëssen net ob e veschiddener express net opféiert, op se vegiess goufen oder ob se nach net derzou komm sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:42, 14. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Dat ass elo net wierklech eng Äntwert op meng Fro well ech mech jo net nëmmen op den LOD bezéien. Gëtt et iergendeng Quelle fir de Gebrauch vum Wuert Munnefell? Oder informell Informatioune vun de Leit op der Wikipedia hei? Soss réckelen ech den Artikel op "Zwerchfell". --Bdx (Diskussioun) 13:36, 15. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Et gouf mol beim LOD nogefrot. Mol kucke wat déi soen. Se sinn awer lo sécher dës Woch mat de Bicherdeeg geplot. --Les Meloures (Diskussioun) 13:48, 15. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Merci fir déi Initiativ. Kee Probleem, et presséiert net. --Bdx (Diskussioun) 14:24, 15. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Mëtteg,
Ech war jiddefalls baff wéi ech dat d'lescht Woch fonnt hunn; hunn et nach ni virdrun héieren oder gesinn… mä bon, dat heescht och näischt ;-) GilPe (Diskussioun) 14:47, 15. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
An dobäi steet et scho fofzéng Joer do. --Les Meloures (Diskussioun) 14:51, 15. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]