Diskussioun:Naschtkëscht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien Nilrom, ech hat dës Woch eng Schülerin als Stagiaire am Naturmusée an et huet sech e wéineg an dat Thema "Nichoir" respektiv "Nistkästchen" ageschafft. Et huet du gemierkt, datt et dozou keen Artikel op der lëtzebuergescher Wikipedia gëtt. Mir hunn bei Kolleegen hei am Naturmusée nogefrot, wéi déi Këschtercher op Lb géingen heeschen a kruten als Äntwert Vullenhaisercher. Dëse Begrëff ass awer falsch, well domat ass eng iwwerdaacht Vulle-Fidderungsplaz gemengt.

Et ass jo sou, datt et sech net ëm eng Këscht, mä ëm eng kleng Këscht handelt, deemno "Këschtchen", wéi dat am LOD ze fannen ass.

Wat de Wuertdeel Nist- am däitschsproochegen "Nistkasten" ubelaangt, schéngt mir dat vum Verb "nisten" ofzestamen.

Op LB gëtt et dat Verb annëschtelen, annëscheren, annëschelen (1) trans. «einnesteln»; 2) (sech) «sich einnisten») (cf. http://engelmann.uni.lu:8080/portal/WBB2009/LWB/wbgui_py?lemid=HA00546)

Analog zu Nistkasten hu mir dunn dat neit Wuert Nëschtkëschtchen zesummegestalt, wat a mengen Aen méi korrekt ass wéi dat neit Wuert Naschtkëscht.

MbG --Christian Ries (Diskussioun) 08:52, 18. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

Moien och, just eng Fro: Wann et analog zum Däitsche wier, firwat gëtt dann de Kasten mat Këschtchen iwwersat. A wéini ass eng Këscht sou kleng datt et eng Këschtche gëtt, wa souguer déi ganz kleng wou mer Fixspéin dran hunn, Fixfeieschkëscht oder Fixkëscht genannt ginn. Bei enger Nosich um Internet ass Nëschtkëschtchen oder souguer Nëschtkëscht net opzedreiwen. Naschtkëscht dergéint fënnt e wuel schonn. Leit schéngen dat deemno scho gebraucht ze hunn ier ee sech ëm Nichoire gekëmmert huet. --Nilrom (Diskussioun) 09:50, 18. Mee 2018 (UTC)[äntweren]
Ech wëll dann och hei meng Meenung zum beschte ginn zu deem neie Wuert. Fir mech ass mer d'Wuert Naschtkëscht oder, wann et da muss sinn, och eng Naschtkëschten, méi sympathesch, aus follgende Grënn:
  • et schwätzt sech besser aus ouni e Knuet an d'Zong ze kréien
  • Nascht kënnt vun Nest a steet domat och an direktem Zesummenhang mat nisten.
  • et muss een d'Wieder och net ëmmer genau wuertwiertlech iwwersetzen, mee esou datt ee versteet wat gemengt ass. MMFE (Diskussioun) 10:49, 18. Mee 2018 (UTC)[äntweren]
Den MMFE huet et kuerz an einfach erkläert. Just zum Thema Diminutiv den Nilrom huet Recht et iwwersetzt een net einfach Kasten op Këschtchen. D'autant plus datt den Diminutiv am Lëtzebuergeschen un Terrain verléiert ausser bei verschidde Fäll wéi Chrëschtbeemchen, Schnéimännchen asw. De Spellchecker wäert et als Naschtkëscht aféieren. --Soued031 (Diskussioun) 18:37, 18. Mee 2018 (UTC)[äntweren]
Ech schléisse mech der Meenung vum MMFE a Soued31 un. Wa mer schonn e Lemma fir déi Këscht mussen op der Wiki hunn, da solle mer een huelen deen och alt mol benotzt gouf z.B bei RTL oder Ëmwelt an Natur (wann och ganz rar). Den Diminutiv klengt kannereg a mécht kee Sënn. Ofgesinn dervun datt mir lo hei dee Lemma gebrauchen, ginn ech dervun aus datt och an Zukunft am ganze Land nach ëmmer Vullenhaisercher oder Vullekëschten opgehaange ginn, wéi dat bis elo de Fall war. --Les Meloures (Diskussioun) 19:43, 18. Mee 2018 (UTC)[äntweren]