Diskussioun:Neifundland a Labrador

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hunn den Artikel mol ënner Neufundland a Labrador ugeluecht. Wann ee mengt, e wier besser ënner "Newfoundland and Labrador" oder "Newfoundland a Labrador", kann et dat gären änneren.--Bdx (Diskussioun) 11:44, 4. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien, effektiv net einfach deen do.
"Neifundland a Labrador" (wuer dat ganzt an der Tëschenzäit higeréckelt gouf) kléngt och net 100 %eg a mengen Oueren - wa schonn, da wier "Neifondland" méi 'richteg', ma d'Fro ass: wee seet esou, a wee seet (oder nach besser schreift) iwwerhaapt eppes op Lëtzebuergeschiwwer deen Eck vu Kanada, un deem ee sech orientéiere kéinnt? Ech gesi keen, an dofir kënner mer dat hei och stoe loossen, bis eng Kéier eng do geschitt, a mer dann an den Noriichten noliese kënnen, wéi dat ge/vernannt gëtt. E Redirect vun 'Newfoundland and Labrador' ass sécher och net vu Muttwëll... --Zinneke (Diskussioun) 18:00, 4. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]
Wann et net duergeet datt Neifundland schonn zanter en etlech Joer sou hei verlinkt gouf dann och nach Beispiller aus der Press wann déi méi enzyklopedesch sollt sinn: Ëstlech vun Neifundland, wou e mam kale Labradorstroum kollidéiert, deelt en e sech an zwee. (Aus dem Artikel 25/04/2014 Wiederwelt: De Golfstroum op RTL.lu) an 41 gëtt d’Atlantik-Charta u Bord vun engem Krichsschëff no un der Küst vun Neifundland fir eng global Friddensuerdnung ausgeschafft (an UNO et ORBI op radio 100,7) --Les Meloures (Diskussioun) 18:13, 4. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]
OK, merci fir ären Input. Ech si mat "Neifundland" am Fong zefridden, zemools et an der Press jo anscheinend dann och benotzt gëtt. A wann dann een an Zukunft mat enger staarker Meenung kënnt, kann et jo nach adaptéiert ginn.--Bdx (Diskussioun) 18:37, 4. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]
"Neifondland" héiert sech e bëssen ze kreativ un :) --Bdx (Diskussioun) 18:38, 4. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]