Diskussioun:Pëtschent

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Pëntschent vs. Pëtscht[Quelltext änneren]

Gudde Moien, Als Buergermeeschter vun der Gemeng Pëtschent, wollt ech Iech drop hiweisen, dass eis Gemeng seit 1843 ofiziell Pëtschent heescht. Dest hu mir och dem Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise(CPPL) matgedeelt. Sie hun dat dun och an hirem ofiziellen Répertoire geännert.

Pëtscht ass en Neologismus den séch schleichend agebiergert huet, et ass soù dass een vun den Pëtschter Leit schwätzt, awer sie wunnen zu Pëtschent.

Ech wir also frouh, wann des Seit an desem Sënn geännert géif gin.

Merci am viraus

Roger Zanter Gemeng Pëtschent

Gudde Moien Här Zanter,
Mir waarde mat Ongedold op déi Publikatioun vun de sougenannten offiziellen Nimm. Am Ament hu mir keen Dokument wat Pëtschent als méi richteg ugesäit wéi Pëtscht. Pëtscht gouf iwwregens viru méi wéi 12 Joer vun engem Member vun deemselwechte Conseil als prioritär Schreifweis ugesinn. (Publikatioun an e puer vu senge Bicher wéi e Lëtzebuergesch soll richteg schreiwen). Soubal wéi dat Dokument vum CPLL publizéiert ass wäerte mir ons upassen. (och wann dat dann nëmmen eppes hallef Offizielles ass). En offiziellen Numm Pëtschent fir Är Gemeng gëtt et allerdéngs eréischt wann dir dat iwwer eng Nummännerung am Gesetz festhale loosst. Mir wonneren ons scho jorelaang datt souvill Politiker a Gemengepappen sou vill op de lëtzebuergeschen Numm vun hirer Gemeng halen, awer bis elo gëtt et eréischt zwou oder dräi Gemengen déi sech hire lëtzebuergeschen Numm iwwer Gesetz konfirméiere gelooss hunn, obschonn dat eng Prozedur ouni groussen Opwand wier.
Mat beschte Gréiss --Les Meloures (Diskussioun) 08:51, 13. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]
Moien och,
Am Artikel Gemeng Pëtscht feelen nach eng Rëtsch Nimm vu Buergermeeschteren. Geséicht Dir eng Méiglechkeeet déi opzefëllen (oder hutt kennt Dir eng Quell, wou een déi fanne géif? Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 11:53, 13. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]
De leschten Noriichten no ass déi Lëscht nach net konsolidéiert. --Les Meloures (Diskussioun) 14:26, 16. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]

Pëtscht gouf elo op Pëtschent geännert, op Grond vun der Lëscht vum CPLL. GilPe (Diskussioun) 13:36, 10. Jul. 2020 (UTC)[äntweren]