Diskussioun:Pafemillen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Just aus Intressi: weess een, wat déi hebräesch Inskriptiounen um Monument heeschen?

Zinneke

Ech weess et leider net. Mat der Foto vun der Plack, déi niewent dem Monument steet, ass net vill unzefänken, well se ass op der Foto guer net gutt ze liesen, well de Kontrast ganz schlecht ass. Ech setzen se awer mol eran. --Cornischong 12:55, 30 Jun 2005 (UTC)


Um Monument stinn (vun uewen no ënnen) déi hebräesch Buchstawen תנצבה (natierlech vu rechts no lenks ze liesen), si sinn d'Ufanksbuchstawe vun de Wieder vun engem hebräesche Saatz deen op englesch heescht May his soul be bound up in the binding of life, lo brauche mer nach just eng valabel Iwwersätzung dovun op ltz. [1]--Marcus 13:47, 19 Dezember 2005 (UTC)

Wou kënnt dee Saz eigentlech hier? --Cornischong 15:01, 19 Dezember 2005 (UTC)

ech huelen - ouni Garantie - un datt deet Saatz aus engem jiddeschen Doudegebiet staamt; sou wéi bei eis jo och alt R.I.P. op de Griewer steet. Hei [2] ginn se follgend Iwwersetzung May his soul be bound in the bond of everlasting life --Marcus 15:10, 19 Dezember 2005 (UTC)

belsch-lëtzebuergesch Provënz vun de Pateren[Quelltext änneren]

Duerno huet déi belsch-lëtzebuergesch Provenz vun de Pateren d'Klouschter iwerholl.

Ass daat eng extra Patere Provënz oder wéi ass daat ze verstoen. ???? Les Meloures 01:44, 21 Oktober 2006 (UTC)

Dat ass esou ze verstoen: D'Herz-Jesu Pateren gëtt et op der ganzer Welt, ongeféier 2.300 op 4 Kontinenter an an 43 Länner. Sie sin intern opgedeelt a Provënzen, Regiounen an Distrikter. Lëtzebuerg, an also och Fünfbrunnen, gehéiert zu enger Provënz. Leider hun ech nach net erausfonnt zu watfir enger. --Pecalux 08:38, 22 Oktober 2006 (UTC)

Merci fir d'Äntwert. Ech hat och schons gesicht an nët vill eraus fonnt, mee déi doten Erklärung ass je schons méi kloer wéi daat waat am Artikel steet. 81.244.180.240 09:33, 22 Oktober 2006 (UTC)

Vakanzkolonien[Quelltext änneren]

weess een eppes weider iwwer déi Vakanzkolonien déi do waren an de 60 er Joren. Oder gëtt et déi haut och nach vläicht Les Meloures 01:52, 21 Oktober 2006 (UTC)

Moien, Ech krut haut gesot datt d'Caritas déi Vakanzkolonie bis an 60er gefouert hätt. Dat wier awer net am Klouschter gewierscht, mä an deem triste "Chalet" Léon Dehon gewierscht deen nom Krich gebaut gouf.
Wann ech richteg gesi sinn do dräi Saachen: De Klouschter wou d'Judde verschleeft goufen, d'Pafemille, also déi fréier Mille mat enger Scheier an dann dee "Chalet". --Jwh (Diskussioun) 15:47, 28. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
An den 1960er Joeren war ech selwer zweemol (warscheinlech 1962 an 1963) an enger Vakanzkolonie op der Pafemillen... effektiv am Chalet, deen ech awer net als 'trist' an Erënnerung hunn. D'Kolonië goufe vun hollännesche Häerz-Jesu-Patere geleet, déi fir déi Zäit ganz fortschrëttlech agestallt waren. --Cayambe (Diskussioun) 16:42, 28. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Do ware mir alleguerte méi jonk ;-)
Soit, hu vrun e puer Deeg eng Foto am Grapp gehat: e Gebäi mat Schinne virdrun, do duecht ech dat wir d'Arrivée zou Treblinka oder soss enzwouch... Mä dat Gebäi op der Foto, gesinn ech lo ass och net de "Chalet", ma d'Millen. --Jwh (Diskussioun) 19:47, 28. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Ëlwen a Wëntger?[Quelltext änneren]

Moien, wann ech sou um Geoportail kucken - an ech hoffen dës köier richteg - da schéngt mir de Klouschter, mat der Millen, dem Châlet, Bauerenhaff a Kierfecht dach alles zu Wëntger ze leien. D'Wolz also déi spéider Klierf, mécht d'Grenz tëscht de Gemengen. Firwat dann Ëlwen? --Jwh (Diskussioun) 21:14, 9. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

Et ass effektiv eng quokelech Saach, haaptsächlech well haut net méi gewosst ass watereng Millen d'Pafemillen ass oder war. Et gëtt déi déi mir als Fënnefburer Millen hunn, an da gëtt et nach eng, vun där ee just nach e puer Reschter geséit an déi eng gutt 500 Meter nërdlech dervu stoung an deemno um Territoire vun der Gemeng Ëlwen. --Les Meloures (Diskussioun) 21:49, 9. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Ah bon, vun där zweeter wosst ech net. Merci! --Jwh (Diskussioun) 22:13, 9. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]