Diskussioun:Paul Ehmann

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

" ...war e Lëtzebuerger Affekot."

Ass de Mann dout? Aipee 87.66.105.152 13:58, 14. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]

gudd Fro; ech wees ët nët. Waat ass do d'Wikipedia-Reegel?Corto lu (Diskussioun) 14:04, 14. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]
Moien, ech kenne keng Reegel dozou, mee géif prinzipiell aus Anstand Leit esou laang um Liewen halen, bis een anzwousch e Beweis vun hirem Doud fonnt huet (oder de Gebuertsdatum méi wéi 110 Joer zréckläit). Dobäi ass "war en Affekot" warscheinlech richteg, well ee mat 74 Joer normalerweis pensionéiert ass. --Zinneke (Diskussioun) 16:01, 14. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]
Am grousse Ganzen ass et sou datt wéi den Zinneke seet: d'Leit soulaang liewe bis se dout sinn (a wéi an dësem Fall och gewosst ass datt se dout sinn). Warscheinlechkeete si keng enzyklopedesch Approche. Wann et bekannt ass datt een eng Zäit eppes gemaach huet an duerno net méi, wéi dat z. B. bei de meeschte Sportler de Fall ass, da schreiwe mer: ass e fréiere Vëlossportler, ass e fréiere Marathonleefer, a.s.w. Bei fräie Beruffer déi normalerweis och wa s'am Pensiounsalter sinn, nach exerzéiere kënnen, gebrauche mir keng Vergaangenheetsform, grad sou wéi bei verschiddene Beruffstitelen déi net un eng eng Zäitspan vun Aktivitéit gebonne sinn. Wann een Ingenieur, Astronom, Biolog, Dokter a.s.w ass, dann ass een dat säi Liewe laang och wann een net méi schafft. --Pierrenilles (Diskussioun) 16:18, 14. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]
Och nach e Pefferkär vu mir. Wa mer soen e wier Affekot gewiescht, da misste mer kënne beleeën datt e säin avoué gemaach huet, um Barreau ageschriwwe war an och als onofhängengen Affekot oder an engem Affekotebüro geschafft huet oder eventuell Affairë fir d'Arbed plädéiert huet. Am anere Fall ass e just Jurist bei enger Firma. --Les Meloures (Diskussioun) 16:42, 14. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]