Diskussioun:Printmedium

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, wier Drockmedien net besser op Lëtzebuergesch? --Pierrenilles (Diskussioun) 14:17, 24. Jun. 2022 (UTC)[äntweren]

Hallo, merci fir de Feedback; ech fannen net, dat et besser oder méi korrekt ass - fir mech perséinlech héiert sech dat komesch un. Misst et dann net och "Dréckmedien" sinn, souwéi "Dréckerei"? --Bdx (Diskussioun) 09:18, 26. Jun. 2022 (UTC)[äntweren]
Merci och fir Är Äntwert.
Wann da misst et Drockmedien oder Drockmedium sinn. De Medium hëlt en Drock op. Deemno wéi déi aner zesummegesat Wieder wéi Drockfeeler, Drockschrëft, Drockpabeier, Drockprouf etc. --Les Meloures (Diskussioun) 19:54, 26. Jun. 2022 (UTC)[äntweren]
Dat mécht Sënn. Als Synonym dobäi setzen dann?--Bdx (Diskussioun) 13:39, 27. Jun. 2022 (UTC)[äntweren]
Moie, mir perséinlech kléngt dat e bësse kënschtlech. "Printmedien" ass op d'mannst vum Däitschen hier, bekannt. Best Gréiss --Zinneke (Diskussioun) 14:34, 27. Jun. 2022 (UTC)[äntweren]
Bon, d'Fro ass dann: Wat ass méi kënschtlech. E Wuert dat deelweis englesch ass oder eent wat méi Lëtzebuergesch ass. Druckmediun ass dach och am Duden Druckmedium. Deemno wier Drockmedium vum Däitschen hier wéinsten grad sou no derbäi. --Pierrenilles (Diskussioun) 18:11, 27. Jun. 2022 (UTC)[äntweren]
Den LOD huet kee Problem mat Printmedium. Par contre kennt hien Drockmedium net. --2001:7E8:D740:D300:F4A7:3F6A:FDD5:5807 07:10, 28. Jun. 2022 (UTC)[äntweren]
Et ass bekannt datt den LOD nach net komplett ass. Wa mir hei nëmme mat de Wierder géife schaffen déi den LOD huet da wiere mer schlecht drun. Dat ass awer kee Virworf, well mer wëssen datt den LOD och net alles an engem Dag ka maachen, wat vun aneren 20 Joer verpasst gouf. Well mir e gudden Drot zum LOD hunn, gouf e gëschter gefrot. Deemno ofwaarden an Téi drénken. --Les Meloures (Diskussioun) 08:20, 28. Jun. 2022 (UTC)[äntweren]