Diskussioun:Ramon Kirsch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et wier op der Säit bäizeflecken, dat nodem 2015 de Radio RFM nees als Webradio opgemach gin as, seng (meng) Sendungen nees iwert dee Sender www.rfm.lu ze héiere sin.

Am Einfachsten dee laeschte Saz komplettéieren: "No etleche Jore beim Lokalradio Radio Diddeleng huet en 2005 senger Radiocarrière e provisorescht Enn gesat, bis en 2011 nees seng Sendung "Chanson française" opgeholl huet an ab 2015 och nees op dem elo als Webradio neigebuerenen RFM ze héieren as."

D'Info ka vérifiéiert gin op der fb Säit vun RFM : https://www.facebook.com/groups/240905616028561/

Moien,
Déi Säit déi uginn ass - rfm.lu - ass eidel. Ausserdeem misst emol gekläert ginn, a wéiwäit deen hypotetesche Website eppes mat deem Radio ze dinn huet (ausser dem Numm). Op der Facebooksäit ass just ze gesinn, datt sech do mat Wikipediasartikele gebrätzt gëtt...
--Zinneke (Diskussioun) 23:24, 13. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

RFM fréier an haut[Quelltext änneren]

D'Sait www.rfm.lu weist elo direkt op de Link vum Radioprogramm.

of der facebookseit RFM Radio , oder der RFM again fans koennt dir iech dovun iwerzegen, dat et tatsächlech di Animateuren vun RFM 1986-92 sin, di de webradio elo nees bedreiwen. Et gin och all Donneschdes um 18 Auer Originalsendungen vun demols gespillt, an ech selwer machen och nees nei Sendungen, di Doenschdes um 18 Auer ausgestrahlt gin.

Mer koennen de Moment schon op iwer 1300 Nolauschterer zielen, iwer Internetradio get een dat jo einfach gewuer, wivill Computeren op de Stream zeréckgräifen.

D'Wikipediasäit kann also roueg aktualiséiert gin, an d'Säit iwert meng Persoun ebenfalls. Ech soe merci am Numm vum team vun RFM.

Zinneke, ech stin awer gaeren fir all weider Informatioun zur Verfügung. Dir koennt mech och uschreiwen iwert ramon.kirsch@education.lu

Et wier awer lo vläit un der Zäit bekannt ze gin (nodem dat d'Letzebuerger Wort eng ganz Säit driwer geschriwen huet), dat den RFM elo aus rechtleche Groenn airfm24 heescht, en p www.airfm24.lu ze lauschteren as, an dat ech, de Ramon Kirsch, elo do nees regelmaesseg all denschdes Owes vun 8 bis 10 d'Sendung Airfm24-Drugstore animéieren, eng Sendung iwert di 80ger Joren vum laeschte Johrhonnert.

Jo ganz richteg, et ass ëmmer wichteg alles genee ze wëssen. An eng Photo vun deem gudde Mann wier och net schlecht. Kann eng Kéeier ee Rendz-vous mat deem huelen datt mer mol e puer Biller hei ze gesi kréien, et schéngt em jo zevill ze sinn mol einfach eng Foto sou ze liwweren. --81.242.143.163 18:24, 25. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]

Bonjour. Ech geif ganz gaeren eng Foto vu mir eroplueden, kréien dat awer net richteg hin (si keen Expert doran). allerdings as eng Foto ze gesin op der Sait airfm24.lu , di koennt der roueg huelen.Oder eben op menger perséinlecher fb Sait Ramon Kirsch. Ech stinn och ganz gaeren fir all Info zur Verfuegung. email rkirsch@lll.lu, ramon.kirsch@edication.lu oder ramon.kirsch@yahoo.com

Moien, Dir kënnt nëmmen eng Photo vun Iech eroplueden, wann Dir se selwer gemaach hutt, wat éischter onwahrscheinlech ass, oder wann de Photograph Iech d'Droits d'auteur ofgetrueden huet, wat dann awer och nach muss bewise ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 19:48, 1. Jun. 2016 (UTC)[äntweren]
Eng Foto vun enger Websäit däerf een nëmmen eropluede, wa bei der Foto op där Säit explizit derbäi steet datt se ënner enger fräier Lizenz steet, z.B. Creative Commons.--MMFE (Diskussioun) 23:01, 1. Jun. 2016 (UTC)[äntweren]