Ramon Kirsch

Vu Wikipedia
Ramon Kirsch
Gebuer 1959
Aktivitéit Speaker

De Ramon Kirsch, gebuer 1959, ass e fréiere Radios-Animateur, deen an der fräier Radioszeen zu Lëtzebuerg aktiv war.

Nodeem hien 1984 beim belsche Radio Sud Athus an dem franséische Radiosender RMT Amnéville geléiert hat, war hien 1986 ee vun den éischte Moderateure vum lëtzebuergesche Pirateradio RFM ginn. Hie war och de leschten Animateur vun deem Radio, wéi den RFM de 5. Mee 1992 opgehalen huet.

Nom RFM ass de Ramon Kirsch 2 Joer laang bei den DNR gaangen, wou hie seng Sendung "Starparade" vum RFM weidergefouert huert. Nieft der Starparade, déi eng lëtzebuergesch Versioun vun de "Großen 8 von Radio Luxemburg" war, war och säin Editorial "Wichteges a manner Wichteges" dënschdes owes um RFM bekannt. Do ass een Evenement aus der Woch ënner d'Lupp geholl ginn. Bei alle Radioe bei deenen hie war, war e virun Allem de Spezialist vun den "Oldien", a seng Sendung huet ëmmer "Going Back in Time" geheescht.

No ettleche Jore beim Lokalradio Radio Diddeleng huet en 2005 senger Radiocarrière e provisorescht Enn gesat, bis en 2011 nees seng Sendung "Chanson française" opgeholl huet.

Um Spaweck