Diskussioun:Rattem

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ratten oder Rattem?[Quelltext änneren]

Moien, um geoportail.lu gin 2 Lieu-dits ugewisen: Rattem (Differdange) an hannert Rattem (Differdange). Op der Kaart selwer heesche se da béid ''Ratten... --Jwh (Diskussioun) 16:32, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Op den topographesche Kaarte steet iwwerall Ratten awer um historesche Kadasterplang steet Rattem. Zu Tënte gëtt et och sou en Déngen dee Ratten heescht. D'Strooss zu Uewerkuer déi derbei féiert heescht och Rue Rattem. Solle mer de Frang werfen? Mir ass et egal awer am Text soll et wéi am Lemma stoen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:47, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Op senger Spëtz stinn zwou Antenne vun der Coditel, op ongeféier 200 Meter fënnt een e Waasserbaseng.
Wéi soll dat gemengt sinn. Vläicht 200 m vun den Antennen ewech?? --Les Meloures (Diskussioun) 17:22, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Op der Kaart gëtt et zwee Waassebasengen, een ënnen nieft deem Espace H2O an een uewen op der Spëtzt bei den Antennen. Ech huelen un datt déi 200 m d'Distanz vun deem ënneschte Baseng bis bei den ieweschte sinn, dat kënnt ongeféier hi jenodeem wéi ee moosst. --MMFE (Diskussioun) 17:38, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech hunn déi Distanz mol aus dem Text eraus geholl well dat bréngt net vill bei der Standuertsbestëmmung. --Les Meloures (Diskussioun) 18:20, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Also et get keen zu Uewerkuer deen "Ratten" geif soen, dat Déngen heescht "Rattem"!!--Irukandji85 (Diskussioun) 10:59, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Déi Ausso schéngt an deem Sënn net ze stëmmen, well den Artikel gouf vun engem ugeluecht deen direkt an der Noperschaft wunnt. --Les Meloures (Diskussioun) 11:47, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Meng Bom wunnt schonn zanter 91 Joer zu Uewerkuer, an ech och schonn mäin Liewen laang.--Irukandji85 (Diskussioun) 12:10, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

An dem ursprénglechen Text gëtt awer nëmme vu Rattem geschwaat. Kannt et sinn datt de Lemma spéider geännert ginn ass?--MMFE (Diskussioun) 11:55, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Da misste mer dervun ausgoen dat am Original alles richteg a just de Lemma falsch war. Ech proposéieren deemno fir ze réckelen. Mer wëllen eis et jo net mat den Uwerkuerer verdierwen --Les Meloures (Diskussioun) 12:02, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


PS. Gouf effektiv geréckelt. Wéinst dem Numm op der topographescher Kaart, a wéinst de gesetzleche Bestëmmungen datt de Kadaster deen déi Kaarte mécht zoustänneg fir d'Nimm ass. --Les Meloures (Diskussioun) 12:06, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Leider sinn déi Leit beim Kadaster och net feelerfräi. Et wier net deen éischte Feeler op der Kaart. D'Gemeng Déifferdeng huet sech bei der Benennung vun der Strooss rue Rattem och net un deen offiziellen Numm gehalen.--MMFE (Diskussioun) 12:28, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech réckelen emol --Les Meloures (Diskussioun) 12:40, 3. Mäe. 2014 (UTC)

Ech hunn d'Leit vum Geoportail kontaktéiert fir hinnen d'Fro ze stelle wat richteg ass. Hei hir Äntwert:
D'Toponymen déi Dir op de Kaarten an och um Geoportal fannt (och an der Sichfunktioun) stamen aus dem Kadaster, an si kommen dohir dass um Ufank vum 19. Jorhonnert déi Geometeren déi deemools mat der Moossung vum éischten "Ur"Kadaster vu Lëtzebuerg beoptragt gi waren, déi Nimm fir Flouerdeler, déi si vun de Leit gesot kruten, sou gutt wéi si et konnten, opgeschriwwen hunn. Do waren awer Leit vun verschiddener nationaler an sproochlecher Origine dobäi, a je nodeems ob de Geometer däitsch, franséisch, hollännesch oder soss een Dialekt geschwat huet, hunn déi Flouernimm eng aner Apparence.
Bei den Toponymen déi op den topographeschen Kaarten ze fannen sinn, sinn dat Versiounen déi ofgezweigt goufen am Laf vun de leschten Jorzéngten, an eigentlech een méi vereinfachten Datesaz duerstellen, mee den Origine ass deeselweschten.
Et ass konkret zu dëser Fro mir leider nit bekannt ob dat eent oder anert méi oder manner falsch ass, dat wir éischter eng Fro fir spezialiséiert Historiker (oft gëtt et sou Leit, déi dat ganz am Detail als Hobby maachen, op lokaler Basis) oder Sproochwëssenschaftler.
--MMFE (Diskussioun) 16:09, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]