Diskussioun:Reporter.lu

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ët gëtt nun emol keen Artikel iwwert de Beruff "Reporter", an d'Zeitung heescht eben esou. Ech wees net firwaat et keng Skizz hei dierft ginn, just wëll de Numm vun der Zeitung mat engem nët existéirenden Artikel coincidéiert. --Dencontributeur (Diskussioun) 20:05, 20. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]

Moien, fir mol bei der sou dacks gewënschter Héiflechkeet ze bleiwen.
Datt Dit net wësst firwat dat soll sou sinn kann ech verstoen, well ech mol dervun ausginn, datt Dir déi Recommandatiounen déi am Text stounge wéi Dir hei Moie gesot krut, warscheinlech net gelies hutt.
Dofir da just hei zur Erënnerung: Bei Wierder, déi beim Gebrauch automatesch mat enger allgemeng bekannter Bedeitung assoziéiert ginn, soll den Haaptlemma fir déi Säit gebraucht ginn. Ob et déi Säit scho gëtt oder net steet an deem Fall guer net zur Debatt.
  • E puer aner Beispiller:
    • bei Zuch bezitt de Haaptlemma sech op d'Tranportmëttel, an net op den Zuch dee vun enger Lofbewegung hierkënnt, oder op den Zuch vun enger Aarbechtsmaschinn.
    • bei Pëll bezitt den Haaptlemma sech op d'Medikament an net op d'Pëllen déi am Héngerpark ronderëm lafen.
    • bei Mëllech bezitt den Haaptlemma sech op d'Mëllech vun de Mamendéieren an net op d'Mëllech vun de Fësch.
--Puscas (Diskussioun) 20:48, 20. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]
Ech schloen einfach fir mir nennen den Artikel an "reporter.lu" em. Dat géng dann och dem Fait Rechnung droën dass et eng reng Online-Zäitschreft ass, wier dat keng Léisung? --87.240.215.83