Diskussioun:Riets a lénks

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut, hei steet: "En Aendokter, deen engem (Patient) säi rietst A analyséiert, beschreift dat A als dat "lénkst", well dat vun him gekuckt op der lénker Säit ass".

Sorry, ech sinn net Dokter, awer dat ass net richteg. E rietst A vun engem Mënsch (Patient) ass dat rietst, och fir den Dokter. Esou soen d'Medeziner och: déi riets Nier, déi lénk Häerzkummer... alles vum Patient aus gekuckt. Hunn dat verbessert. --Cayambe (Diskussioun) 07:19, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, du hues recht, ech hat ze séier bei nl: Wiki gelies: Den Ophtalmo an den Optiker schreiwen d'Donnéen vum rietsen A op hirer Kaart lénks, sou wéi s'et gesinn, nennen et awer "rietst A". --Zinneke (Diskussioun) 08:47, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Mir passen een op deen aneren op :-). Deen interessanten Ophtalmo an Optiker-Detail (deen ech virdrunn net kannt hunn) kanns Du jo an den Text derbäi setzen. --Cayambe (Diskussioun) 15:50, 14. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Wier de Lemma net besser "Lénks a riets", sou wéi en am Artikel selwer steet, a sou wéi en och op der de-wiki an nl-wiki gebraucht gëtt? --Otets 07:52, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

A wat soll besser sinn tëschent riets a lénks a lénks a riets. --Les Meloures (Diskussioun) 08:29, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]