Diskussioun:Royal Clipper

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Lëtzebuergesche Pavillon?[Quelltext änneren]

Moien,

Déi Informatioun D'Royal Clipper fiert ënner lëtzebuergeschem Pavillon muss op d'mannst bezweifelt ginn well op anere Wikipedia-Säiten ass Malta uginn. Leider steet néierens eng Quell. Wees do ee méi genaues? --MMFE (Diskussioun) 10:14, 27. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, op der Foto flattert mol de lëtzebuergesche Pavillon maritime an ech méngen mech ze erënneren datt et sengerzäit mat dem üblechen Nationalstolz duerch d'Lëtzebuerger Press gaangen ass. --Jwh (Diskussioun) 10:23, 27. Mee 2012 (UTC)[äntweren]
Ech hunn emol e bësse gegooglet an dobäi dës Säit aus dem Google Cache fonnt: Resultat vun der Sich am Google no country of registration Royal Clipper an do gesäit ee fir dat Schëff datt et zu Lëtzebuerg registréiert ass oder war. Vläicht fënnt jo nach ee méi eraus. --Robby (Diskussioun) 10:30, 27. Mee 2012 (UTC)[äntweren]


Huet hei net een de Port d'attache den enzwousch an enger Wiki steet mam Pavillon verwiesselt. Op der fr:Wiki steet Lëtzebuerg als Pavillon. --Les Meloures (Diskussioun) 10:32, 27. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Merci alleguer fir d'Informatiounen. Op der däitscher Wikipedia steet kloer Malta als Pavillon. Et schengt awer effektiv kloer ze sinn, dass Lëtzebuerg de Pavillon ass. Dee beschte Beweis schengt mer ze sinn dat et eng Foto vun 2011 gëtt, wou de lëtzebuergesche Fändel ze gesinn ass.--MMFE (Diskussioun) 10:47, 27. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Ganz esou kloer ass dat dann trotzdem net wann een déi Informatioune kuckt déi op der Websäit: Säit op marinetraffic.com mam Historique vum Pavillon vun der Royal Clipper stinn. --Robby (Diskussioun) 11:09, 27. Mee 2012 (UTC)[äntweren]
Du hues recht, do schengt et dann an dem leschte Joer eng Ännerung gin ze hunn. Op dem Site vu marinetraffic ass och eng zimmlech rezent Foto mam Fändel vu Malta drop. Dann änneren ech den Artikel emol an déi Richtung. --MMFE (Diskussioun) 13:18, 27. Mee 2012 (UTC)[äntweren]


Op der Lescht vun den 222 Schëffer vun der Luxembourg merchant fleet steet se och net méi drop. --Les Meloures (Diskussioun) 13:19, 27. Mee 2012 (UTC)[äntweren]