Diskussioun:Sagrada Familia

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat ass et? Alles schläicht sech laanscht en Numm. Offiziell heescht et "Tempel", hei fannen ech "Basilika" heiansdo liest ee "Kathedral". Déi gär sécher ginn, schreiwe Kierch. Souguer d'Buch vun der Christina Montes an der Aurora Cuito "Antoni Gaudi" dréckt sech diplomatesch laanscht e Begrëff. Huet een eng Wonnerléisung? --Cornischong 22:34, 18 Mee 2006 (UTC)

Fir mech ass et e Gotteshaus ;) Diplomat --Briséisβρισεισ 00:34, 19 Mee 2006 (UTC)

D'Franzousen wëssen dat méi genee :-) Il faut noter que le bâtiment n'étant pas ─ encore ─ sanctifié, il ne peut porter le nom de « cathédrale », raison pour laquelle on le nomme « temple ». Fliedermaus 13:22, 24 Mee 2006 (UTC)

D' Sagrada Familia an eng Category Basiliken ass scho komesch well et keng ass! D'Méizuel vu Basilika ass am DLW Basilikaen. An d'Méizuel vu Stadion ass am DLW Stadionen. Virun enger Zäitchen hu mer eis alt nach u Wierderbicher gehalen. --Cornischong 21:53, 24 Juli 2006 (UTC)
Liest alt een dat hei? --Cornischong 22:30, 22 Dezember 2006 (UTC)

"Category:Jugendstil": Prost dann! --Cornischong 00:39, 23 Dezember 2006 (UTC)

"ass e reliéist Gebai": Firwat déi Behaaptung dragesat gouf liicht mer net ganz an. Et ass dach keng Kierch! --Cornischong 16:12, 19 Oktober 2007 (UTC)

Muss eppes eng Kierch sinn fir e reliéist Gebai ze sinn ?? Les Meloures 16:58, 19 Oktober 2007 (UTC)
Wann et schonns Tempel heescht mat enger ganzer Helleger Famill am Numm, a vum Architekt vun der Diözees Barcelona geplangt gouf, kann ee schonn dervun ausgoen datt et e reliéist Gebai ass och wann se nach 30 Joer dru schaffen. Les Meloures 17:08, 19 Oktober 2007 (UTC)
Elo gi mer emol an den Artikel schaffen amplaz ze talken. Les Meloures 17:09, 19 Oktober 2007 (UTC)
Iwwregens ass d'Jousefskapell déi am Gebai ass 1885 geweit ginn. Do si mer dann awer net méi wäit vun der Relioun ewech. Vläicht gëtt dat ganzt dann eng Kéier déi gréisste Kapell op der Welt. Les Meloures 17:29, 19 Oktober 2007 (UTC)

Nach eppes: Vum 18. Mäerz 2006 steet ënner der Foto Kierch Sagrada Familia. Firwat ass dat stoe gelooss ginn, ass dat bei all dem Getalks vergiess ginn. Les Meloures 17:37, 19 Oktober 2007 (UTC)

"Wann et schonns Tempel heescht mat enger ganzer Helleger Famill am Numm, a vum Architekt vun der Diözees Barcelona geplangt gouf, kann ee schonn dervun ausgoen datt et e reliéist Gebai ass .." Et kënnt mer vir wéi wann eis iergendwéi net méi ze hëllefe wier. "Firwat ass dat stoe gelooss ginn": Firwat gëtt et dann elo stoe gelooss no deem ganze Gebraddels? Well hei ee behaapt (natierlech ouni e Beleg unzeginn) datt an deem Gebai eng Kapell wier, déi 1985 geweit gi wier. D' Kapell am Kierchbierger Spidol ass geweit, d'Spidol, sou wäit ech weess, awer nach net. "Elo gi mer emol an den Artikel schaffen amplaz ze talken". Elo; op ee Mol? --Cornischong 20:47, 19 Oktober 2007 (UTC)


2005 gouf d'Sagrada Familia vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltkulturierwen ënnert den Aarbechte vum Antoni Gaudí, gesat.
Wou kann een dat erëm fannen, op der Lëscht vun der Unesco steet nëmmem eng Fassad an d'Krypta. Les Meloures 00:08, 20 Oktober 2007 (UTC)

Sou einfach kann d'Liewe sinn[Quelltext änneren]

Do stoung e Saz "a gouf eréischt an de fofzeger Joren erëm virugefouert" Da schreift een "dat stëmmt jo guer net" an e geheit de Saz eraus. Wéini et da war brauch deen natierlech net unzeginn, well dat anert war jo falsch. A mat esoue Methode komme mer (mer?) op iwwer 60 Editen fir 4 (a Buschtawen: véier) Sätz. Prost dann. --Cornischong 01:10, 20 Oktober 2007 (UTC)

Neen et ass guer net einfach. Elo sinn emol wéinsten eng Parti falsch Saachen aus dem Artikel eraus. Et feelt nach just déi Behaaptung dat d'Sagrada Familia op der Lëscht vun de Wieker vum Gaudi steet, déi och nach muss verbessert ginn. Ech huele mer haut nach e bësselchen Zäit a kucken dat no wou ech dat fanne kann. Op der Lëscht vun der Unesco hunne ech et bis elo net fonnt. Et steet vlächt enzwousch aanescht.
Et huet net een geschriwwen dat wir falsch, et war de Les Meloures, fir d'Kand mam Numm ze nennen. Elo kritt e virgeworf en hätt eng falsch Behaaptung eraus geholl ouni ze soe firwat.
Dat virdrun eppes Falsches drastoung ouni ze soe firwat, schéngt egal ze sinn. Les Meloures 07:12, 20 Oktober 2007 (UTC)
Ett ass nach besser et si 60 Edite fir ze verbesseren wéi een halwen Talk noddeems keen eppes verbessert. Les Meloures 07:19, 20 Oktober 2007 (UTC)

"Dat virdrun eppes Falsches drastoung ouni ze soe firwat": Ech schléisse mech natierlech der Fuerderung un: Wann an Zukunft een eppes falsches schreift, da muss en uginn, firwat en dat mécht. E l'occhio riposato intorno mossi, dritto levato, e fiso riguardai per conoscer lo loco dov'io fossi. --Cornischong 11:04, 20 Oktober 2007 (UTC)



Moien,
Dat hei stoung am Talk hei uewen driwwer:
Iwwregens ass d'Jousefskapell déi am Gebai ass 1885 geweit ginn. Dragesat vum Les Meloures 17:29, 19 Oktober 2007 (UTC)
Dorops gouf dat hei gesot:
Well hei ee behaapt (natierlech ouni e Beleg unzeginn) datt an deem Gebai eng Kapell wier, déi 1985 geweit gi wier. Dragesat vum Cornischong 20:47, 19 Oktober 2007 (UTC)
Elo steet am Artikel:
an 1885 gouf d'Jousefskapell geweit. Vum User Cornischong

Sollt ech mer net awer e bësselche veraarscht firkommen oder hunn ech dem Cornischong säi Beleg iwwersinn? Les Meloures 10:43, 17. Abr 2008 (UTC)

Fir nach am An ze behalen (Text gouf am Artikel geläscht)[Quelltext änneren]

Déi éischt Pläng vun 1875 waren op der Basis vun der Loretobasilika an Italien gemaach ginn. 1877 huet de Francisco de Paula del Villar i Carmona deen Architekt vun dem Bistum Barcelona war, a schonns mat sengem Papp dem Francisco de Paula del Villar i Lozano am Klouschter zu Montserrat, geschafft hat, offréiert fir d'Pläng op seng eege Käschten z'iwwerschaffen .

Den 19. Mäerz 1882 gouf de Grondsteen no de Pläng vum Villar geluecht.

No der Demissioun vum Villar den 3. November 1883 huet den Antoni Gaudi d'Wierk dat hie säi ganzt Liewe sollt beschäftegen, weidergefouert.

Vun 1884 - 1887 gouf um Bau vun der Krypta geschafft, an 1885 gouf d'Jousefskapell geweit.

1898 huet de Gaudi decidéiert d'Pläng vun den Tierm ze änneren, an déi an engem Krees opzeriichten.

D'Ostfassad gouf tëscht 1891 an 1900 gebaut.

D'Haaptdecoratiounen op der Ostfassad waren 1900 fäerdeg an d'Tierm ware bis op eng Héicht vun 32 Meter eropgebaut.

Vun 1906 un geet et wéinst Geldschwieregkeete mam Bau nëmme méi lues weider, an 1914 war dunn den Uewe ganz aus an et et ass mat Bauen opgehale ginn. Et gouf awer nach e Modell vum Gebai realiséiert. Bis dohinner hat dat Ganzt 3,3 Milioune Pesetas kascht.

Géint 1918 war de Leidenswee deen op der Ostfassad duergestallt ass och fäerdeg.

Duerno goung et erëm lues weider an den 30. November 1925 gouf den éischten Tuerm fäerdeg an e gouf dem Hellege Barnabus geweit.

Wéi de Gaudi 1926 gestuerwen ass gouf hien an der Krypta bäigesat.

Tëscht 1927 an 1930 goufen déi lescht dräi Tierm vun der Ostfassad fäerdeg gebaut.

E Feier an der Krypta huet 1936 eng Parti vun den Archiven an dem Gaudi seng Modeller zerstéiert.

An der Zäit vum Spuenesche Biergerkrich, an duerno gouf och net dru geschafft, an et gouf eréischt an de fofzeger Joren erëm domat weidergefuer.

Esou gouf 1954 mat de Fëllementer fir d'Westfassad ugefaangen, an 1976 goufen d'Spëtze vun de Westtierm fäerdeggebaut. 1985 war och d'Westfassad fäerdeg.

Firwat deen Text elo hei steet am plaz am Artikel, dat soll nach ee verstoen? Et gëtt awer alles ëmmer méi kanneresch hei. --Alexandra 14:08, 17. Abr 2008 (UTC)

Ech hunn den Text ënnert d'Loupe geholl. Ausser dem Saz "Géint 1918 war de Leidenswee deen op der Ostfassad duergestallt ass och fäerdeg." misst alles an der Rei sinn. De Leidenswee (Passioun) misst op der Westfassad sinn, déi méi spéit réaliséiert gouf. Am Buch vum Rainer Zerbst (cf. Artikel) steet op Säit 235: "1918 Gaudis entgültiger Entwurf der Passionsfassade (Westseite) ist fertiggestellt."--Fliedermaus 16:34, 18. Abr 2008 (UTC)

Ausser dem Saz deen ech am Abschnitt driwwer ugeschwat hat, hunn ech den Text erëm an den Artikel dragesat. Wann elo een der Meenung ass datt dat net gutt war, da kann deen sech hei oder op menger Diskussiounsäit mëllen.--Fliedermaus 16:49, 18. Abr 2008 (UTC)