Diskussioun:Sozialdemokratesch Partei (1903)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bei LSAP abauen?[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg, ech schaffe grad un deem Artikel hei, mee froe mech, ob et net méi Sënn mécht, en am Artikel vun der LSAP anzebauen, an e Redirect ze maachen? Well d'Partei huet sech e puer Mol ëmbenannt, mee ouni radikal Ännerungen. Soss misst ech u sech och separat Artikele fir d'Sozialistesch Partei an d'Lëtzebuerger Aarbechterpartei uleeën.

Optioun 1: Mir loossen et wéi et ass: 1 Artikel fir Sozialdem. Partei / Sozialistesch Partei / Lëtz. Aarbechtpartei an ee fir LSAP (upasse fir d'Geschicht nom Krich)
Optioun 2: Separat Artikele fir all "Numm"
Optioun 3: deen hei Artikel an den LSAP-Artikel integréieren

--Bdx (Diskussioun) 10:44, 19. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]

Maach wéi s du et am Beschte fënns. Wann ee mengt e misst et besser maachen da kann e jo probéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 10:48, 19. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
Moien, fuer emol duer, den Artikel auszebauen. Ech perséinlech géif proposéieren, deen hei Artikel separat ze halen, mat engem kuerze Resumé am Kapitel Geschicht vum Artikel LSAP an engem Queeschverweis heihinner. Mat deenen aneren Nimm giff ech et d'selwecht halen: Déi Geschichtsperiod vun der Partei extensiv an engem eegenen Artikel behandelen an eng Synthes, mat Verweis, am 'Haapt'artikel zu der LSAP hunn. --Zinneke (Diskussioun) 10:53, 19. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
Merci fir de Feednack, dann halen ech deen hei elo mol nach separat.--Bdx (Diskussioun) 11:53, 19. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]