Diskussioun:Spider-Man

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Dësen Artikel gouf ugeluecht an/oder zu engem groussen Deel ausgebaut als Seminaraarbecht, déi am Kader vun engem Seminar iwwer Comics, ugebuede vum Benoît Majerus am Wantersemester 2018/19 op der Uni Lëtzebuerg, geschriwwe gouf. Kuckt dozou: Wikipedia:WikiProjet Comics.

Moien,

2 Sätz um Enn vun engem Kapitel sinn onkloer:

"De Steve Ditko huet sech em d'Tënt gekëmmert an der Serie, déi de Kirby gezeechent huet. De Stan Lee huet decidéiert, d’Originnen an d’Muecht vum jonke Superheld zeréckzehuelen an dem Ditko d’Zeechnen uvertraut."

Wat ass mat Sech-ëm-d'Tënt-këmmmeren" gemengt? A wat mat "d’Originnen an d’Muecht vum jonke Superheld zeréckhuelen" ?

--Zinneke (Diskussioun) 18:03, 22. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]

"Hien kritt extra vill Kraaft an Empfänglechkeet an d’Fäegkeet ..."
Wat soll mat Empfänglechkeet ausgedréckt ginn?
--Les Meloures (Diskussioun) 18:16, 22. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]

Interwiki-Linken[Quelltext änneren]

Voilà d'Regel fir d'Interwiki-Linken: "Wat Är Fro vun den Interwilinken ugeet, sou ass dat sou, datt dat an all Wikipedia d'selwecht gemaach gëtt. Eng Wikipedia an enger Sprooch ass dofir do, fir Explikatiounen an där Sprooch ze ginn an net fir op Artikelen a Wikipediaen an anere Sprooche weiderzeleeden. Sou Linke gesi jo am Text blo aus, an da mengt de Lieser hie géif do eng weider Informatioun am där Sprooch kréien. Wann en dann drop klickt, da lant en op enger Säit an enger friemer Sprooch. Dat ass net den Zweck vun der Saach. Wann e mengt et misst ee sou e Link derbäisetzen da soll een dat als Referenz oder Nott maachen an och d'Sproochenzeechen derbäisetzen, sou datt de Liser wees a waterenger Sprooch déi Referenz oder Nott ass, an dann decidéiere kann ob e se wëllt liesen oder net (jee nodeem ob en déi Sprooch versteet oder net)." wei de Les Meloures se explizéiert huet. Corto lu (Diskussioun) 18:11, 31. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]

Zousaz: Dat derméiglecht och, ze gesinn, dass et nach keen Artikel zu deem Sujet op dëser Wiki gëtt, an datt een en uleeë kann, andeems een op dee roude Link klickt.--Zinneke (Diskussioun) 08:59, 7. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]