Diskussioun:Viz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

(cf. och Äppeljus)

Gudden Owend,

wouhier kënnt déi Definitioun? Fir mech ass Äppelviz a -jus zanter jehier e Synonym. Viru mer steet eng Fläsch "Séisse Viz vu Bäerbuerg" vun der Firma Carlo Wampach/Schlass Kelterbierg. Driwwer steet "Jus de pommes", an an der Erkläerung hannendrop op der Etikett ass op Däitsch vun "Apfelsaft" rieds. En ass "naturtrüb" an hält sech - well pasteuriséiert - op d'mannst ee Joer....

Wann net eng Quell nogeliwwert gëtt, wier ech dofir, sowuel de Viz- wéi de Jusartikel ze läschen. --Zinneke (Diskussioun) 20:51, 11. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]

Déi zwéin Artikelen Äppelviez an Äppeljus enthale ganz kloer falsch Definitiounen. Entweder iwwerschaffen oder läschen. --MMFE (Diskussioun) 23:29, 11. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]
Äppelviz ass “Apfelwein ”, steet am Luxemburger Wörterbuch, Bd. 1 (1950), S. 59 (Äppelviz). Dat huet also näischt mat Äppeljus s.str. ze dinn, well Alkohol dran ass. Kuckt: https://de.wikipedia.org/wiki/Apfelwein. Den Artikel ass also net esou donieft, miisst awer an eng besser Form bruecht ginn an de Lemma miisst richteg geschriwwe ginn. --Jamcelsus (Diskussioun) 09:06, 19. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]
Moien, d'Luxemburger Wörterbuch weess och nach eppes iwwer de Viz: Viz (fi:ts) M.: «Obstwein» — es gibt: Äppel-, Bireviz
en allgemengen Artikel iwwer Viz wier menger Meenung no besser ubruecht. --Les Meloures (Diskussioun) 09:14, 19. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]
Moien, ech schléisse mech der Propos vum Les Meloures un, och wa mer do no un enger Dictionnaires- an net enger Lexikonsdefinitioun sinn. --Zinneke (Diskussioun) 09:40, 19. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]