Diskussioun:Willibrord Macher (1807)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

am Artikel Gemeng Réimech steet e Willibrord Macher als Buergermeeschter vun 1806 bis 1812. Dat misst deemno en anere mam selwechten Numm sinn (Papp? Monnonk?).

Weess ee méi?

--Zinneke (Diskussioun) 14:40, 28. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Op Wikitree deen hei als Referenz zitéiert gëtt, gëtt e Wilhelm Macher als Papp uginn deem säi Papp awer do net bekannt ass. Vun dësem Willi ass awer gewoost datt de Papp an de Grousspapp zu Réimech Buergermeeschter waren. Um Gebuertsschäi steet säi Papp allerdéngs als Villibrord. E bësse vill wat do net zesummepasst.

Souwäit wéi ech bis elo erausfonnt hunn war den éischten de Grousspapp, deen zweeten de Papp an dee leschten hien. --Les Meloures (Diskussioun) 15:18, 28. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Esou wéi ech dat op https://gw.geneanet.org/bdelaunois?lang=en&n=greiveldinger&oc=0&p=francoise gesinn hunn an wéi et och aus dem Artikel an der Obermoselzeitung ervirgeet ware Leit aus dräi Generatioune vun der Famill Macher Buergermeeschter zu Réimech. Ech hunn dat emol an d'Säit dragesat. Robby (Diskussioun) 17:41, 28. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]
Op Luxracines.lu (leider nëmme mat login) fënnt een op der Säit: https://www.luxracines.lu/gen/getperson.php?personID=I8032&tree=jwagner datt dem Willibrord Wilhelm (1807) säi Papp de Wilhelm Macher (1781) https://www.luxracines.lu/gen/getperson.php?personID=I8034&tree=jwagner war an deem säi Papp war de Willibrord Wilhelm (1741) https://www.luxracines.lu/gen/getperson.php?personID=I8034&tree=jwagner
Lues a lues komme mir der Saach méi no Robby (Diskussioun) 18:00, 28. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]
Op Luxracines https://www.luxracines.lu/gen/getperson.php?personID=I42253&tree=kayser (Prosper Kayser) steet dass de Wilhelm :Schiffer Handelsmann Buergermeister war an sei Papp Willibrord :Schiffer Buergermeister Haendler