Diskussioun:Wunne mat der Wooltz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sou soll z. B.de Quartier, mat Wäermepompelen a Solarenergie fir säin eegenen Energieverbrauch opkommen:

Ech huelen un datt dat sou an der Zeitung steet. Mir muss dann awer een erklären wéi eng Wäermepompel et soll fäerdegbrénge fir Energie ze produzéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 15:37, 22. Nov. 2022 (UTC)[äntweren]

Moien, ech si kee Physiker, ass Hëtzt net eng Energiequell? Ween et besser weess, dierf dat gär verbesseren, oder besser nach, en Artikel zu enger Wäermepompel a Solarenergie, resp. Solarpannele schreiwen. --Zinneke (Diskussioun) 15:50, 22. Nov. 2022 (UTC)[äntweren]


Moien, et brauch een net Physiker ze sinn fir ze wëssen datt eng Wäermepompel zwar Hëtzt produzéiert ma duerfir awer Elektresch brauch. Se mécht dat just méi effizient a méi bëlleg wéi traditionell Chaudièren. Si ass awer duerfir nach ëmmer Energieverbraucher a keen Energieproduzent, a kann deemno net hëllefe fir bei engem Verbrauch opzekommen oder héchstens negativ. --Les Meloures (Diskussioun) 16:13, 22. Nov. 2022 (UTC)[äntweren]