Djerba
Djerba (arabesch: جربة -"Jirba") ass eng flaach Insel un der Ostküst vun Tunesien am Golf vu Gabès. Si ass 514 km² grouss an domat déi gréisst Insel vun Nordafrika. Haaptuertschaft ass Houmt Souk. Se huet ronn 120.000 Awunner, wouvun déi meescht Berber sinn, zanter laangem gëtt et do och eng jiddesch Communautéit. Zarzis gëtt heiansdo zu Djerba gezielt, et läit awer südlech dovun um Festland. E réimeschen Däich verbënnt Djerba mam Festland.
Tourismus[änneren | Quelltext änneren]
Djerba ass zanter e puer Joerzéngten eng populär Vakanzendestiantioun bei den Europäer. Laanscht d'Ostküst, wou et eng laang Sand-Plage gëtt, sinn eng ganz Rëtsch Hoteller entstanen.
Den internationale Fluchhafe vun Djerba läit 8 km westlech vun Houmt Souk.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
An der Antiquitéit war Djerba ënner sengem griicheschen Numm Meninx (Μῆνιγξ) bekannt, dem Ptolemäus no „Insel vun de Lotoséisser“. Vun der Spéitantik un ass den Numm Girba beluecht. D'Titularbistum Girba geet op e spéitantikt Bistum vun der réimesch-kathoulescher Kierch zréck. Vun 1134 bis 1165 hunn d'Normannen Djerba besat. 1154 hu si en Opstand vun der Populatioun bluddeg niddergeschloen. Vu 1524 bis 1551 war Djerba den Haaptstëtzpunkt vun tierkesch-nordafrikanesche Corsairen ënner dem Turgut Reis.
Vum 9. bis de 14. Mee 1560 huet bei der Séischluecht vun Djerba d'Flott vum osmanesche Groussadmirol Piale Pascha an dem Turgut Reis déi vun enger Koalitioun vu chrëschteche Mëttelmiermiecht ënner der Féierung vu Spuenie geklappt.
Den 11. Abrëll 2002 koume bei enger Selbstmord-Sprengstoffattack bei der Al-Ghriba-Synagog, enger vun den eelsten a bekanntste Synagogen op der Welt, 21 Leit ëm d'Liewen an anerer blesséiert.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Djerba – Biller, Videoen oder Audiodateien |