Dmitri Dmitrijewitsch Schostakowitsch

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dmitri Dmitrijewitsch Schostakowitsch
Gebuer 12. September 1906 jul.
Sankt Péitersbuerg
Gestuerwen 9. August 1975
Moskau
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Sowjetunioun, Russescht Keeserräich
Aktivitéit Pianist, Politiker, Universitéitsprofesser, Librettist, Musekspedagog, Komponist, Regisseur, Dréibuchauteur
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Akademie der Künste der DDR, American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Accademia Nazionale di Santa Cecilia

Den Dmitri Dmitrijewitsch Schostakowitsch (russesch Дмитрий Дмитриевич Шостакович, wëss. Transliteratioun Dmitrij Dmitrievič Šostakovič, gebuer den 12. September/25. September 1906 zu Sankt Petersburg a gestuerwen den 9. August 1975 zu Moskau) war e russesche Komponist.

Originnen a Kandheet[änneren | Quelltext änneren]

Vum Papp senger Säit hier staamt seng Famill aus Polen; se huet zu Wilna gewunnt. Méi spéit ass se op Kasan an op Tomsk geplënnert. Déi Dokumenter, déi erhale sinn, weisen eng verwurrelt Auswiel vu Variante vum Numm: Szostakowicz, Szostakiewicz, Szestakowicz a souguer Szustakiewicz.

De Papp, den Dmitri Boleslawowitsch Schostakowitsch, deen an der Tëschenzäit zu Sankt Péitersbuerg gewunnt huet, huet sech 1903 mat enger jonker russescher Pianistin, der Sofia Wassiljewna Kokoulina betued. D'Koppel hat am Ganzen dräi Kanner, den Dimitri war dat zweet dovun. Obwuel et eng Famill war mat enger musekalescher Traditioun, huet sech de Jong virleefeg kaum fir Musek intresséiert. D'Mamm huet et awer fäerdeg bruecht, den Interessi vum klenge Mitja a senger grousser Sëschter op de Piano ze bréngen.

D'musekalescht Talent vum Jong huet sech duerch de Pianosunterrecht entwéckelt an den Dimitri huet geschwënn seng éischt Kompositioune geschriwwen. 1917 gouf deen Eelefjäregen Zeien, wéi bei enger Demonstratioun en Aarbechter vu Polizisten erschoss gouf. Doropshin huet de "Mitja" eng Hymn un d'Fäiheet an en Trauermarsch fir d'Affer vun der Revolutioun geschriwwen.

Hochzäit ouni Bräitchemann[änneren | Quelltext änneren]

..zerbriechlech, schwaach, no banne gekéiert, antikonformistesch, ouni Limitten a reng wéi e Kand..

Sou huet de Michail Soschtschenko säi Bekannten, de Schostakowitsch, an engem Bréif beschriwwen, deen hien der armeenescher Schrëftstellerin Marietta Schaginjan geschéckt huet.

Zu der Zäit, wou de Komponist sech vun der 2. Sinfonie erholl huet, léiert hien d'Gesëschter Warsar kennen, d'Meedercher vun engem bekannte Jurist. Déi jonk Leit hunn hir Owender mat Pokerspille verbruecht. Bei all Geleegenheet huet de Schostakowitsch d'Famill Warsar besicht. D'Nina hat him et ugedoen, mä hatt hat säi Mathematik- a Physikstudium nach net ofgeschloss. Dovu war seng Famill nach laang net begeeschtert. Mä déi zwee Verléift krute sech duerchgesat, an d'Houchzäit war den 13. Mee 1932. Dat war schonn den zweeten Ulaf, well e puer Méint virdrun hätt se solle sinn, mä do war de Bräitchemann net do: De Schostakowitsch, deen déi Zäit an enger séilescher Kris war, ass eréischt e puer Deeg drop komplett depriméiert opgedaucht.

Déi Fënneft: Leed, dat net ze heelen ass[änneren | Quelltext änneren]

Ech ëmfanne Leed, dat net ze heelen ass fir all déi, déi den Hotler ëmbrucht huet. Awer ech ëmfannenen net manner Leed, wann ech un déi denken déi de Stalin ëmbrénge gelooss huet. De Schostakowitsch a senge Memoiren.

Mat der Fënnefter Sinfonie huet de Schostakowitsch den 18. Abrëll 1937 op der Krim ugefaangen. En huet sech déi Zäit zu Gaspra opgehalen, eng Plaz, déi hien u seng glécklech Kannerjoren an u seng Frëndin Tatjana Gliwenko erënnert huet. Wéi hie méi spéit erzielt huet, schrouf en den drëtte Saz bannen dräi Deeg. Wéi en d'Krim den 2. Juni verlooss huet, hat e schonn dräi Sätz fäerdeg.

Wéi en zeréck zu Lenigrad war, gouf e gewuer, datt de Mann vu senger Sëschter verhaft gi war, a si selwer a Sibirien deportéiert gi war. D'Gewerkschaft vun de leningrader Komponisten hat decidéiert, de Schostakowitsch sollt hinnen emol säi Wierk presentéieren, datt sech kéint feststelle loossen, ob et der Ëffentlechkeet konnt zou gemutt ginn. De jonken Dirigent Jewgeni Mrawinski, 34 Joer al, sollt d'Uropféierung, dirigéieren. De Concert war am grousse Sall vun der Leningrader Philharmonie. D'Prouwen hu fënnef Deeg gedauert. Wärend d'Leit an d'Hänn geklappt hunn, huet de Mrawinski iwwer eng hallef Stonn mat der Partitur an der Loft ëm sech geschloen.

No där Virstellung gouf dat Wierk offiziell als de Retour vum verluerene Jong ënner de Rack vun der stalintreier Kulturpolitik presentéiert. De Schlussmarsch gouf laang asl Verherrlechung vum Regime ugesinn. A Wierklechkeet war et de geneeë Géigendeel: Eréischt nodeem d'Memoiren publizéiert waren, sinn dem Schostakowitsch seng Kiritiker geuwer ginn, datt den Triumphmarsch a wierklechkeet en Doudesmarsch ass.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dmitri Schostakowitsch – Biller, Videoen oder Audiodateien