Dosen

Vu Wikipedia
Eng Dosen Eeër.

Eng Dosen (v. mëttelhoudt.: tozen, aus dem lat.: duodecim = zwielef) ass d'Bezeechnung vun enger Quantitéit vun zwielef gläichaartege Saachen, also eng Zielmooss. D'Dose war an de virege Joerhonnerte besonnesch am Wuereverkéier eng Moosseenheet. Gebräichlech waren och d'Schock (fënnef Dosen = 60) an de Gros (zwielef Dosen = 144).

Eng Bäckeschdosen ass den ëmganksproochlechen Ausdrock fir "13".

Nach haut gëtt et Iwwerreschter vun dëser Stéckelung, déi bekanntst dovu sinn d'Eeërkëschten, déi eng hallef Dosen oder sechs Eeër hunn, de Sixpack fir Fläschen, de Verkaf vu Läffels- oder Iessgeschier an der Dosen, asw. Fabrikante wéi Staedtler oder Faber-Castell liwweren hir Faarweg Bläistëfter oder Pastellkräid haut nach gréisstendeels an Dosene-Këschtercher mat 12, 24, 36 oder 120 Stéck. Doriwwer eraus dréckt d'Méizuel Dosenden awer och eng onbestëmmt Zuel am zwee- bis dräistellege Beräich aus, z. B. "d'Williamina Fleming krut d'Verantwortung fir Dosende vu Fraen..."

Och d'Zäitandeelung baséiert op der 12.

Der Dose läit den Duodezimalsystem zugrond, dee géintiwwer dem Dezimalsystem de Virdeel huet, datt 12 duerch 2, 3, 4 a 6 gedeelt ka ginn (10 just duerch 2 a 5).