Duerfliteratur

Vu Wikipedia

Duerfliteratur ass e literaresche Genre, dee sech op d'Beschreiwe vum Liewen um Land reduzéiere léisst, an deen am 19. Joerhonnert an der Bléi stoung.

An der Duerfliteratur loosse sech zwou Stréimungen ënnerscheeden: Eng realistesch, déi beméit ass, d'Duerfliewe sou genee wéi méiglech ze beschreiwen an eng ideologesch duerchwuessen, déi probéiert, eng "natierlech", "gesond" a "propper" Welt virzestellen, déi kontinuéierlech mat der "onnatierlecher" Welt vun de Stied verglach gëtt.

Vertrieder vun der realistescher Säit sinn de Schwäizer Auteur Jeremias Gotthelf, de Gottfried Keller oder de Ludwig Anzengruber. Beispiller vun enger iwwerspaanter a verlugener Duerfliteratur si nationalsozialistesch Blutt a Buedem-Romaner.

Duerfliteratur zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Och déi modern lëtzebuergesch Literatur huet d'Duerfliewen net vergiess. Dem Josy Braun säi Roman vun 2007, de Meewäin gehéiert zu deem Genre.