Op den Inhalt sprangen

ESTCube-1

Vu Wikipedia
ESTCube-1
Den ESTCube-1
TypAmateurfunksatellit
Land Estland
AgenturUniversitéit Tartu
Mass1,05 kg
Gréisst10 × 10 × 10 cm³
Bunn-Ëmlafzäit
Start7. Mee 2013, 02:06 UTC
StartplazCSG
DrorakéitVega
Statusam Orbit

Den ESTCube-1 ass en Technologietest- an Amateurfunksatellit, dee vu Studente vun der Universitéit Tartu entwéckelt gouf. Et ass deen éischten estnesche Satellit.

Opbau an Notzlaascht

[änneren | Quelltext änneren]

Beim ESTCube-1 handelt et sech ëm e CubeSat vun der Gréisst 1U. Hie soll d'Konzept fir en neiaartegt elektrescht Sonneseegel testen. De Satellit soll bannent enger Woch en 10 m laangen an nëmme 50 µm décken Drot aus Aluminium ofwéckelen. Uschléissend gëtt dee mat enger Spannung vu 500 V mat enger Elektronekanoun opgelueden. De Satellit sent mam estnesche Rufzeechen ES5E op 437,505 MHz an der Betribsaart AX.25 an op 437,250 MHz a Morsetelegraphie.

Missiounsverlaf

[änneren | Quelltext änneren]

Den ESTCube-1 war de 7. Mee 2013 vum Centre Spatial Guyanais bei Kourou a Franséisch-Guayana aus zesumme mat de béiden Äerdobservatiounssatellitten Proba V an VNREDSat 1a mat enger Vega-Rakéit gestart.

Scho kuerz nom Start goufen déi éischt Telemetriesignaler vu Funkamateure weltwäit empfaangen.

Portal Astronomie

 Commons: ESTCube-1 – Biller, Videoen oder Audiodateien