Edward Jenner

Vu Wikipedia
Edward Jenner
Gebuer 17. Mee 1749
Gestuerwen 26. Januar 1823
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Dokter, Naturalist, Biolog
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences

Den Edward Jenner, gebuer de 17. Mee 1749 zu Berkeley/Gloucestershire a gestuerwen de 26. Januar 1823, war en engleschen Dokter an Immunolog.

Dem Edward Jenner war opgefall, datt Kéi déi eemol d'Pouken erwëscht haten duerno géint déi Krankheet immun waren. Weider ass him opgefall, datt déi Fraen déi d'Kéi gestrach hunn zwar d'Koupouken, awer duerno nëmme ganz seelen déi „richteg“ Pouke kritt hunn.

Bei engem Versuch huet hien am Mee 1796 gewisen datt e Jong - den James Phipps - deen hien d'éischt mat de Koupouken infiziéiert hat, wuel dës Krankheet krut, awer duerno immun géint déi „richteg“ Pouke war. An dat obschonn de Jong d'Pouke virdrun nach net hat.

En Artikel iwwer seng Etude gouf vun der Royal Society refuséiert; de Jenner huet awer weider Versich gemaach, och mat sengem eegene Bouf vun 11 Méint. 1798 huet hie seng Resultater publizéiert an huet missen erliewen, datt probéiert gouf hie lächerlech ze maachen. Hien huet sech awer net dovun ofhale gelooss u senger Method - déi hie „vaccination“ ganannt huet - festzehalen.

Dem Jenner seng Vaccinatioun konnt esou déi wäit verbreet Seuch ënnerbannen an d'Poukekränkt ass bis haut déi eenzeg Infektiounskrankheet déi konnt eliminéiert ginn, dëst haaptsächlech no enger weltwäiter Impfaktioun vun der d'Weltgesondheetsorganisatioun tëscht 1966 an 1980[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Edward Jenner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Programme d'éradication de la variole (1966-1980) op der Internetsäit vun der Weltgesondheetsorganisatioun; fir d'lescht gekuckt de 17. Mee 2016