Eiflia illustrata

Vu Wikipedia

Eiflia illustrata ass eng historesch-geographesch Beschreiwung vun der Äifel, déi vum Georg Bärsch (1778-1866) an dräi Bänn tëscht 1824 an 1855 erausbruecht gouf. D'Wierk baséiert op engem Manuskript mat dem selwechten Titel vum Historiograph Johann Friedrich Schannat (1683-1739), wat dësen am Optrag vum "Fürsterzbischof" vu Prag an de Jore 1738 an 1739 zesumme gestallt huet.

Den ursprénglechen Titel vum éischte Band, dem säin Original am Landeshauptarchiv Koblenz versuergt gëtt, ass:

Eiflia illustrata oder geographische und historische Beschreibung der Eifel von Johann Friedrich Schannat. Aus dem Lateinischen Manuskripte übersetzt; mit Anmerkungen und Zusätzen bereichert, nebst vielen Abbildungen von Alterthümern, Sigillen und Wappen, hrsg. von Georg Bärsch. Köln am Rhein gedruckt und zu haben bei Johann Peter Bachem. 1824.

D'Eiflia illustrata ass déi éischt ëmfassend Duerstellung vun der Geschicht vun der Äifel, hiren Härenhaiser, Kléischter, Stied an Dierfer an e fréit Beispill vun enger systematescher Geschichtsschreiwung.

Dobäi enthält dat Wierk eng sëlleg Informatiounen iwwer Lëtzebuerger Uertschaften, déi no bei der Däitscher Grenz leien, z. B. Bëttel, Biwels, Eesbech, Stolzebuerg, Veianen ...

Literatur[änneren | Quelltext änneren]