Op den Inhalt sprangen

Elektresch Zentral vu Charency

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'elektresch Zentral vu Charency ass eng kleng Produktiounsunitéit op der Kuer, déi 1958 opgeriicht gouf.

D'Zentral steet op der Plaz wou virdrun eng Seeërei stoung, déi selwer Nofollgerin vun enger Weess- an Uelegmille war.

Am Maschinnesall steet eng Jacquemin-Turbinn vu WECO déi zu Thann gebaut gouf an den Alternateur ass e rezente NORMACEM.

D'Gebai ass deelweis am Bëtong an aus Hasteng gebaut.

D'Zentral déi a Privatbesëtz ass beschäftegt een Aarbechter an de Stroum gëtt un d'EDF verkaaft.