Elvira Berend
| Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Elvira Berend | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Эльвира Сахатова |
| Gebuer |
19. September 1965 Almaty |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg, Kasachstan, UdSSR |
| Aktivitéit | Schachspillerin |
| Huet matgemaach bei | Schacholympiad 2014 |
| Aktuell Elo-Zuel | 2.219 (Juli 2024) |
| Famill | |
| Bestuet mat | Fred Berend |
| Geschwëster | Gulnara Sachs |
|
| |
D'Elvira Berend-Sakhatova, gebuer den 19. September 1965 zu Almaty, ass eng lëtzebuergesch Schachspillerin. Si krut 1994 den Titel vum Fraegroussmeeschter. 2017 gouf si Weltmeeschtesch an der Senioreklass +50.
Hir maximal erreechten Elo-Zuel louch bei 2355 (Juli 1997/1998).[1] Am Juli 2010 louch dës bei 2307[2]; domat war si dunn déi bescht lëtzebuergesch Schachspillerin a stoung op Plaz 182 vun der Fraeweltranglëscht an op Plaz 4883 vun der Männerweltranglëscht (Juli 2010)[3].
Am November 2017 gouf si zu Acqui Terme, bei der 27. Seniorsweltmeeschterschaft am Schach, Weltmeeschtesch an der Kategorie 50+.[4]
Si ass d'Fra vum Fred Berend, mat deem si 2 Kanner huet, an déi méi jonk Schwëster vun der Gulnara Sachs (déi fir England am Schach untrëtt).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- D'Elvira Berend beim Weltschachbond FIDE (en)
- D'Elvira Berend bei der lëtzebuergescher Schachfederatioun FLDE (fr)
- D'Elvira Berend op chessgames.com (en)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ http://www.benoni.de/schach/elo/his.html?id=4000510
- ↑ Archive copy Archivéiert den 23.08.2019. Gekuckt de 07.08.2010.
- ↑ http://ratings.fide.com/card.phtml?event=4000510
- ↑ "Berend ist Weltmeisterin." wort.lu, 20. November 2017. Archivéiert de 17.12.2019. Gekuckt den 20.11.2017.
