Op den Inhalt sprangen

Émile Eischen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Emile Eischen)
Émile Eischen
Gebuer 27. Mäerz 1886
Gestuerwen 14. August 1955
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei CSV

Den Emile Eischen, gebuer de 27. Mäerz 1886 zu Gouschteng, a gestuerwen de 14. August 1955 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker.[1]

Hien huet bis zu senger Pangsionéierung 1951 um Héichuewen op Arbed Esch-Schëffleng geschafft a war 1923-1927, 1930-1932 an 1949-1952 President vun der Lokalsektioun vum LCGB. Vun 1945 bis 1951 war hien zousätzlech Member vun der Aarbechterdelegatioun vun Arbed-Schëffleng a Member vun der Aarbechterkummer.

Vun 1945 bis zu sengem Doud war hien zu Esch Gemengeconseiller fir d'CSV.

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot den 3. Abrëll 1967 decidéiert, déi fréier Ostbierg-Strooss am Quartier Neiduerf no him ze nennen.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Quell, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.81-82.