Emma Eames

Vu Wikipedia
Emma Eames
Gebuer 13. August 1865
Shanghai
Gestuerwen 13. Juni 1952
New York
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Museker, Operesänger, Musekspedagog, Theaterschauspiller

D'Emma Eames, gebuer den 13. August 1865 zu Shanghai a China, a gestuerwen den 13. Juni 1952 zu New York, war eng US-amerikanesch Sopranistin a Gesankpedagogin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Emma Eames, d'Duechter vun engem Affekot, huet véier Joer zu Boston studéiert, ier se op Paräis gaangen ass, fir bei der Mathilde Marchesi weiderzeléieren. 1889 gouf se vum Charles Gounod erausgesicht, fir bei der Première vu senger Oper Roméo et Juliette an der Opéra de Paris d'Juliette ze sangen. D'Emma Eames war e lyresche Sopran a war besonnesch beléift wéinst der dramatescher Ausdrocksstäerkt vun hirer Stëmm.

Wéinst Stëpplereien an déi déi australesch Sängerin Nellie Melba verwéckelt war, ass d'Emma Eames vu Paräis fortgaangen, fir an der Metropolitan Opera zu New York d'Juliette ze sangen. Do war si eng vun de Stäipe vum Ensembel an ass bis 1909 iwwer 440-mol opgetrueden, mat e puer Gaaschtoptrëtter zu London.

No enger kuerzer Ënnerbriechung vun hirer Carrière ass si 1911 an der Bostoner-Oper opgetrueden. Mat hirem zweete Mann, dem US-amerikanesche Bariton Emilio Edoardo de Gogorza, vun deem si méi spéit gescheet gouf, huet si onreegelméisseg Concert-Tournéeë gemaach. 1916 huet se hiren Afschloss vun der Bün gefeiert. 1936 ass si op New York geplënnert, wou se Gesanksunterecht ginn huet. Do ass si den 13. Juni 1952 am Alter vun 86 Joer gestuerwen.

CDen[änneren | Quelltext änneren]

Eames Emma - The Complete Victor Recordings (1905-1911), Duebel-CD bei Romophone

Bicher zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emma Eames – Biller, Videoen oder Audiodateien